Déi gréisst Iwwerraschung gouf et dobäi schonn um fréien Owend an Norwegen, wou den Underdog Bodö/Glimt Manchester City mat 3:1 geschloen huet an domat déi éischt Champions-League-Victoire an der Veräinsgeschicht feiere konnt.
Duerno huet sech Tottenham Hotspur mat engem gudden Optrëtt géint Dortmund, dee scho fréi an Ënnerzuel war, mat 2:0 duerchgesat. Kee Succès hat Bayer Leverkusen mat enger 0:2-Defaite géint Olympiakos an och de PSG huet géint de Sporting de Kierzere gezunn. Dräi Punkte goufen et dann nach fir Real Madrid, Arsenal a Bruges.
Mat engem Bléck op d’Tabell huet aktuell de Leader Arsenal als eenzeg Ekipp den Ticket fir d’K.O.-Phas scho sécher geléist. Am ënneschten Deel ass da scho kloer, datt Villarreal, Slavia Prag an Almaty et um leschte Spilldag net méi an d’Playoffs packe kënnen.
Tottenham - Dortmund 2:0
1:0 Romero (14'), 2:0 Solanke (37')
D’Lokalekipp vu London huet sech an der Ufanksphas net zréckgehalen an huet direkt de Wee no vir gesicht. An der 14. Minutt ass de Spurs dann och direkt de Gol zur 1:0-Féierung gelongen. No engem Corner huet de Wilson Odobert säi Schoss liicht verzunn, ma de Cristian Romero stoung op der richteger Plaz, fir säi Fouss dohinzehalen an de Ball an de Gol ze lenken. Och duerno huet Tottenham weider gedréckt an d’Defense vum BVB quasi net duerchootme gelooss.
Eng weider schlecht Nouvelle fir d’Gäscht gouf et dann no knapp 25 Minutten. An engem Zweekampf huet den Daniel Svensson säi Géigespiller mam oppene Fouss op der Héicht vum Knéi getraff an no der Usiicht vun de Biller duerch de VAR huet den Arbitter op Rout fir de Schweed decidéiert. Kuerz virun der Paus ass Tottenham dann nach den 2:0 gelongen. No enger flaacher Pass vun der Säit huet den Dominic Solanke artistesch, ma och mat bësse Chance, de Ball mat der Hack an de Gol geleet krut a seng Ekipp mat enger verdéngter Féierung vun zwee Goler an d’Vestiairë geschéckt.
An der zweeter Hallschent hunn d’Haushären de Gäscht dann de Ball iwwerlooss a mat der Féierung am Réck op Konterattacke gewaart. Doduerch ass de Match zimmlech ofgeflaacht a Golchancë si seele ginn. Well Dortmund awer och mam Ball net richteg geféierlech virun de géigneresche Gol komm ass, ass et no 90 Minutte beim 2:0 bliwwen.
Bodö/Glimt - Manchester City 3:1
1:0 Högh (22'), 2:0 Högh (24'), 3:0 Hauge (58'), 3:1 Cherki (60')
Almaty - Club Bruges 1:4
0:1 Stankovic (32'), 0:2 Vanaken (38'), 0:3 Vermant (74'), 0:4 Mechele (84'), 1:4 Sadybekov (90+2')
Olympiakos - Leverkusen 2:0
1:0 Costinha (2'), 2:0 Taremi (45+1')
Kopenhagen - Neapel 1:1
0:1 McTominay (39'), 1:1 Larsson (72')
Inter Mailand - Arsenal 1:3
0:1 Jesus (10'), 1:1 Sucic (18'), 1:2 Jesus (31'), 1:3 Gyökeres (84')
Real Madrid - Monaco 6:1
1:0 Mbappé (5'), 2:0 Mbappé (26'), 3:0 Mastantuono (51'), 4:0 Kehrer (55'), 5:0 Vinicius Jr. (63'), 5:1 Teze (72'), 6:1 Bellingham (80')
Sporting - PSG 2:1
1:0 Suarez (74'), 1:1 Kvaratskhelia (79'), 2:1 Suarez (90')
Villarreal - Ajax 1:2
1:0 Oluwaseyi (49'), 1:1 Gloukh (61'), 1:2 Edvardsen (89')
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.