BundesligaDortmund klappt Union a verkierzt de Réckstand op Bayern

Ted Koob
Victoirë gouf et donieft fir Leverkusen, Leipzig a Mainz. Frankfurt huet sech doheem mat 1:3 géint Hoffenheim misse geschloe ginn.
© TOBIAS SCHWARZ / AFP

Augsburg huet fir de Kont vum 19. Spilldag an der Bundesliga d’Partie zu München gedréint a konnt sech um Enn iwwerraschend mat 2:1 géint d’Bayern duerchsetzen. D’Heemekipp war an der éischter Hallschent dominant a goung verdéngt duerch den Ito a Féierung. Augsburg huet sech awer net verstoppt an huet kuerz virun der Paus d’Lat getraff. Nom Säitewiessel hat Bayern vill Ballbesëtz an et goufen op béide Säite kleng Golgeleeënheeten. No engem Corner konnten d’Gäscht an der 75. Minutt duerch de Chaves ausgläichen. Bayern gouf fir d’Passivitéit bestrooft an de Massengo huet an der 81. Minutt d’Partie komplett gedréint. D’Heemekipp huet no vir alles probéiert, konnt de Ball awer net méi am Gol ënnerbréngen.

Leverkusen huet géint Bremen mat 1:0 gewonnen. D’Gäscht konnten an der 1. Hallschent spilleresch duerchaus mathalen, den 1:0 ass Leverkusen awer an der 37. Minutt gelongen. No enger flotter Kombinatioun huet de Lucas Vazquez säin éischte Gol fir seng Faarwe markéiert. An der 2. Hallschent ass net vill geschitt, esou datt et bei der knapper Victoire fir Leverkusen blouf.

Heidenheim huet doheem géint Leipzig mat 0:3 verluer. An der 1. Hallschent huet d’Heemekipp mam Favorit matgehalen an huet sech deels grouss Chancen erausgespillt, awer keng dovunner goung an de Gol. Nom Téi hunn d’Gäscht den Tempo erhéicht. De Baku konnt seng Faarwen an der 62. Minutt a Féierung bréngen. Nusa a Raum hunn an der 68. an der 70. Minutt mat hire Goler op 3:0 erhéicht. Heidenheim hat an der Suite näischt méi dogéint ze setzen. Mat 13 Punkten läit Heidenheim elo nees um Wupp vun der Tabell.

Donieft huet Frankfurt doheem géint Hoffenheim mat 1:3 verluer. Ënnen of huet sech Mainz géint Wolfsburg och mat 3:1 duerchgesat.

Am Owesmatch gouf et eng 0:3-Defaite fir Union Berlin géint Dortmund. De BVB war gutt an d’Partie komm a goung duerch en Eelefmeter vum Can no ronn 10 Minutten a Féierung. D’Gäscht hunn d’Partie duerno geréiert an Union konnt net vill dogéint setzen. Nom 2:0 duerch de Schlotterbeck an der 54. Minutt goung fir Union am Spill no vir quasi näischt méi. Kuerz viru Schluss huet de Beier nach op 3:0 erhéicht. De BVB kann no enger verdéngter Victoire de Réckstand op Bayern verkierzen.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun den aneren internationale Lige mat de Partië vum Samschdeg.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO