
ManCity hat donieft keng Problemer géint den Tabelleleschten an huet sech 3 Punkte geséchert. Liverpool huet dogéint op en Neits missen e Réckschlag astiechen. Zu Bournemouth gouf et eng Last-Minute-Néierlag.
An der Bundesliga gouf et déi éischt Defaite vun der Saison fir Bayern München.
Manchester City - Wolverhampton 2:0
1:0 Marmoush (6'), 2:0 Semenyo (45+2')
D’Heemekipp ass géint den Tabelleleschte fréi a Féierung gaangen. D’Citizens hunn de Match an der Suite geréiert a konnten de Virsprong virun der Paus duerch de Semenyo verduebelen. Nom Téi sollt net méi vill passéieren esou datt et beim 2:0 fir d’Heemekipp blouf. De Réckstand op Arsenal konnt d’Ekipp vum Pep Guardiola op 4 Punkte verkierzen, Arsenal huet awer e Match manner um Kont.
Bournemouth - Liverpool 3:2
1:0 Evanilson (26'), 2:0 Jimenez (33'), 2:1 van Dijk (45'), 2:2 Szoboszlai (80'), 3:2 Adli (90+5')
D’Spiller vu Liverpool hunn an den éischte 45 Minutten ënnert hire Méiglechkeete gespillt. Offensiv waren se ze harmlos. Op der anerer Säit konnt d’Heemekipp hir Chancen notzen. No 33 Minutte stoung et deemno 2:0 fir Bournemouth. D’Gäscht koume kuerz virun der Paus duerch de van Dijk awer op 1:2 erun. D’Gäscht hunn den Tempo nom Säitewiessel erhéicht, hunn an enger éischter Phas de Gol net getraff. An der 80. Minutt ass dem Szoboszlai den Ausgläich gelongen. D’Heemekipp huet sech net geschloe ginn an huet an der leschter Minutt nach den entscheedende Gol markéiert. Den Adli gouf domadder fir Bournemouth zum Matchwinner.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Como - Turin 6:0
1:0 Douvikas (9'), 2:0 Baturina (16'), 3:0 Da Cunha (59', Eelefmeter), 4:0 Douvikas (66'), 5:0 Kühn (70'), Caqueret (76')
Fir Como leeft et an Italien weider gutt. Géint Turin war d’Ekipp vum Cesc Fabregas iwwer 90 Minutten a quasi alle Statistiken iwwerleeën an huet sech um Enn verdéngt mat 6:0 duerchgesat. An der 1. Hallschent hunn Douvikas a Baturina fir d'2:0-Féierung gesuergt. No der Paus konnt den Da Cunha mat engem Eelfmeter op 3:0 erhéijen. Douvikas mat sengem zweete Gol, de Kühn an de Caqueret hu fir d’Endresultat gesuergt. An der Tabell steet Como iwwergangsweis op der 5. Plaz an der Tabell an huet gutt Chancen nächst Joer europäesch ze spillen.
Florenz - Cagliari 1:2
0:1 Kilicsoy (31'), 0:2 Palestra (47'), 1:2 Brescianini (74')
Fir Florenz gouf et doheem géint Cagliari näischt ze huelen. Um Enn gouf et eng 1:2-Defaite. Nodeems et déi lescht Woche gutt gelaf war an ee sech vun der leschter Plaz eropschaffe konnt, gouf et elo nees e Réckschlag. Ee Gol a béiden Hallschenten ass de Gäscht duergaange, fir d’Partie fir sech z’entscheeden. D’Heemekipp hat zwar ronn 15 Minutte viru Schluss nach emol verkierzt, fir méi ass et net duergaangen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Le Havre - Monaco (19 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Valencia - Espanyol 3:2
1:0 Duro (15'), 1:1 Terrats (54'), 2:1 Comert (59'), 2:2 Copete (79', Selbstgol), 3:2 Ramazani (90+4', Eelefmeter)
An enger animéierter Partie huet sech Valencia duerch en Eelefmeter a leschter Sekonn eng wichteg Victoire geséchert. Et war de ganze Match iwwer eng Partie op Aenhéicht an där Valencia zweemol a Féierung goung. Espanyol konnt awer zweemol reagéieren an ausgläichen. Et huet duerno déi lescht 10 Minutten no engem Remis ausgesinn, de Ramazani huet senger Ekipp duerch de Gol an der Nospillzäit 3 Punkte geséchert. An der Tabell ka Valencia doduerch lues awer sécher aus dem Keller krabbelen an huet 4 Punkte Virsprong op eng Ofstigsplaz.
Sevilla - Bilbao 2:1
0:1 Navarro (40'), 1:1 Peque (42'), 2:1 Adams (56', Eelefmeter)
Zu Sevilla hunn d’Spectateuren eng Partie mat Goler an och ville Golschëss gesinn. D’Gäscht goungen a Féierung, d’Heemekipp konnt awer direkt reagéieren. An der 2. Hallschent huet den Adams fir d’Heemekipp d’Partie komplett gedréint. Et blouf bei der knapper Victoire fir Sevilla, déi domadder op d’Net-Ofstigsplaze klammen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga