No 32 Deeg am AmtCeltic Glasgow entléisst Trainer Wilfried Nancy

Tom Nols
No sechs Defaiten an aacht Partien ass de franséischen Trainer vun de Schotten entlooss ginn. E Nofollger ass nach net genannt ginn.
De franséischen Trainer ass säin Job beim schotteschen Traditiounsclub séier lass gewiescht
De franséischen Trainer ass säin Job beim schotteschen Traditiounsclub séier lass gewiescht
© ANDY BUCHANAN/AFP

Nodeems et e Samschdeg no der 3-1 Defaite am “Old Firm” géint den éiwege Rival Rangers zu Ausschreidunge komm war, huet Celtic reagéiert an den Trainer Wilfried Nancy entlooss. Nieft him a sengem Trainerstaff muss och de Responsabele fir d’Futtballgeschäft Paul Tisdale de Veräin verloossen. No 32 Deeg huet den Traditiounsclub d’Noutbrems gezunn. Sechs vun aacht Matcher ware verluer gaangen, an der schottescher Premiership leien d’Hoops sechs Punkten hannert dem aktuelle Leader Heart of Midlothian op Plaz 2 vun der Tabell.

Ënnert dem Interimstrainer Martin O’Neill, deen am Oktober vum entloossene Brendan Rodgers iwwerholl hat, hat Celtic siwe vun aacht Partië gewonnen, éiert den Nancy Ufank Dezember als neien Trainer agestallt gi war. Vun do un haten d’Leeschtunge stagnéiert. E Successeur huet Celtic Glasgow nach net bekannt ginn.

Nom Enzo Maresca bei Chelsea, dem Jimmy Thelin zu Aberdeen an dem Ruben Amorim bei Manchester United, ass et déi véiert Trainerentloossung an de leschten Deeg.

Back to Top
CIM LOGO