FuttballManchester United trennt sech vum Trainer Ruben Amorim

RTL Lëtzebuerg
De 40 Joer ale Portugis war am November 2024 vum Sporting bei d'Red Devils gewiesselt. Duerch nëmme mëttelméisseg Leeschtungen an deene leschte Wochen huet sech de Veräin elo vun him getrennt.
(FILES) Manchester United's Portuguese head coach Ruben Amorim reacts at the end of the English Premier League football match between Manchester United and Wolverhampton Wanderers at Old Trafford in Manchester, north west England, on December 30, 2025.
© AFP/

Aus dem englesche Futtball ass et e Méindeg de Moien d’Nouvelle, datt de Ruben Amorim net méi Trainer vu Manchester United ass. Dat huet de Veräin selwer op de soziale Medie confirméiert. Als Interim iwwerhëlt den Darren Fletcher fir op d’mannst mol de Match géint Burnley e Mëttwoch.

De Ruben Amorim war am November 2024 vu Sporting aus der portugisescher Liga bei d’Red Devils gewiesselt. Säi gréisste Succès war d’Erreeche vun der Finall an der Europa League, déi awer mat 1:0 géint Tottenham verluer gouf. An der Premier League war ManUnited an der leschter Saison nëmmen op déi 15. Plaz komm. Dës Saison steet een zwar aktuell nees op der 6. Plaz, ma an deene leschte 5 Matcher gouf et nëmmen eng Victoire, dorënner ee Remis géint de wäit ofgeschloenen Tabelleleschte Wolverhampton an och just ee Punkt e Sonndeg géint Leeds.

Am Communiqué vum Veräin heescht et, datt d’Veräinsféierung d’Decisioun geholl hätt, datt elo de “richtegen Zäitpunkt fir eng Ännerung” wier, déi der Ekipp déi “bescht Méiglechkeet fir eng héchst méiglech Plaz an der Premier League” géif ginn.

Den Iwwerbléck vum internationale Futtball de Weekend

Back to Top
CIM LOGO