
Des Woch ass de Bruno Meier Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.
Dës Woch ass de Bruno Meier Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De fréiere Lëtzebuerger Jugend-Nationalspiller schafft zanter 2014 grouss Deeler vu senger berufflecher Karriär fir Puma, eng vun de gréisste Sportmarken op der Welt, dat mam Haaptfokus op de Futtball a virun allem Afrika.
Den Ament ass am Maroc den Africa Cup of Nations amgaangen. Fir de Bruno Meier ass et dee fënneften Tournoi um afrikanesche Kontinent, deen hie vun noem suivéiert. Dëst Joer ass et an deem Sënn speziell, well den Organisateur och Deel vun der Weltmeeschterschaft 2030 wäert sinn. D’Marokkaner wäerten déi nämlech mat Spuenien a Portugal organiséieren. Den Afrika Cup déngt deemno och als Test, fir de ganzen Oflaf ze analyséieren. Eleng an der Haaptstad Rabat sti véier Futtballstadien.
Eng gutt Partie afrikanesch Nationalekippe spillen ënnert der Mark Puma. De Bruno Meier war 2018 op der Weltmeeschterschaft a Russland Deel vum Staff vum Senegal an huet sech ëm d‘Equipement gekëmmert. Am RTL-Podcast erzielt hien, datt ee pro Match ongeféier tëscht dräi a véier Trikote pro Spiller muss aplangen a virgesinn, deemno ronn 100 Trikote pro Partie.
Op der Europameeschterschaft 2016 a Frankräich sinn d‘Biller ronderëm d‘Welt gaangen, wéi beim Match Schwäiz géint Frankräich am Ganze siwen Trikote vun de Schwäizer futti gaange sinn, respektiv gerass sinn. De Bruno Meier huet deemools déi Puma-Trikoten agesammelt, fir datt een doropshi konnt erausfannen, wat de Problem war. Et ass awer nees ee gutt Beispill, datt och schlecht Reklamm heiansdo Virdeeler huet, well d‘Verkafszuelen duerno an d‘Luucht gaange sinn.
Dëst an aner Themen ginn et dës Woch am Podcast Drëtt Hallschent mam Bruno Meier.