Mat 35 Joer ass SchlussDe Miralem Pjanic hänkt seng Futtballschong un den Nol

Joel Detaille
Seng Karriär hat hien als Jugendspiller vum FC Schëffleng gestart.
© JOSE BRETON/NurPhoto via AFP

De Miralem Pjanic huet annoncéiert, seng Futtball-Carrière un den Nol ze hänken. De 35 Joer ale Mëttelfeld-Spiller, dee souwuel déi bosnesch, wéi och déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, huet um Enn ronn 780 Matcher gespillt, souwuel als Profi, wéi och als Nationalspiller. Als Profi huet hie fir d’éischt zu Metz, dunn zu Lyon, Roum, Juventus, Barcelona, Besiktas a fir d’lescht zu Moskau seng Sue verdéngt.

Seng Karriär hat hien als Jugendspiller vum FC Schëffleng gestart, an och fir d’Jugend-Ekippe vun der FLF gespillt. Dunn hat hie sech decidéiert, fir bei der A-Ekipp awer fir Bosnien-Herzegowina ze spillen, fir déi hien och 115 mol opgelaf ass an 18 Goler geschoss huet.


Back to Top
CIM LOGO