
“Ech hoffen, datt Italien elo Europameeschter gëtt”, dat sot de Miralem Pjanic am RTL-Interview. Den 31 Joer ale Spiller vum FC Barcelona, deen 9 Joer an Italien gespillt huet, war en Donneschdeg zu Conter an enger privatgefouerter Futtballshal an där hie Parrain ass. Iwwert e méigleche Wiessel vun de Katalane fort, wollt de fréiere Lëtzebuerger Jugendnationalspiller awer net schwätzen.
5 Joer war de Miralem Pjanic bei der AS Roum, duerno der 4 bei der Juventus vun Turin. Zanter der leschter Saison huet de Mëttelfeldstrateg den Trikot vum FC Barcelona un. Déi grouss Léift ass et net, dofir verwonnert et och net, datt dem Pjanic säin Häerz elo e Sonndeg an der Finall vun der Europameeschterschaft fir dat Land schléit, an deem hien 9 Joer gespillt a gelieft huet:
“Ech hu ganz vill Kolleegen an Italien, ech hunn ganz schéi Joren do verbruecht, och vill Kolleegen an der Ekipp. Italien an England sti verdéngt an der Finall. Ech hoffen, datt Italien gewënnt.”
E Retour vum bosneschen Nationalspiller an der Summerpaus an Italien ass jo och net ausgeschloss. An der internationaler Press gëtt säi fréiere Veräin d’Juve gehandelt, ma och den Inter an den AC Mailand wären an der Course. De Miré, wéi de Pjanic genannt gëtt, vergësst awer och seng Originnen am Veräinsfuttball net a suivéiert och fir de Rescht wat hei am Land geschitt:
“Also e Veräin, dee fir mech ëmmer wäert schloen, ass Schëffleng. Ech verfollegen och wat hei am Land geschitt, d’Fola ass jo Champion ginn. Felicitatioun.”
Ma och wat d’Nationalekipp ugeet, huet de Pjanic d’Entwécklung vun de Roude Léiwen an de leschte Jore matkritt:
“Et gesäit een, datt d’Resultater ëmmer besser ginn, datt alles ëmmer méi professionell gëtt. Och Kolleegen zum Beispill aus Portugal soen, datt et schwéier ass géint Lëtzebuerg ze spillen.”
Fir de Miralem Pjanic ass eng Grondviraussetzung, datt de Futtball sech ëmmer weider kann entwéckelen, datt d’Infrastrukture gutt sinn, a wat de Futtball ugeet, géifen déi hei am Land ëmmer besser ginn.