
D’Onroue beim Swift Hesper gi weider. No enger weiderer Transfertspär, dem Eklat tëscht dem fréieren Trainer Hakim Menai an dem fréiere Sportdirekter Ebrahim Bouzzati, an dem Depart vum fréiere Mäzen Flavio Becca schéngt et, wéi wann de Veräin vum Holleschbierg net géing zur Rou kommen.
En Dënschdeg de Moien ass op de soziale Medien eng Annonce vun der Huissier de Justice “Etude Geoffrey Gallé” opgetaucht an där stoung, datt de Swift gezwonge wier, fir verschidden Trainingsmaterialen ze versteeën. Dës “Vente forcée” ass fir de 7. Januar ugesat. Donieft ass d’Adress vum Stade Alphonse Theis uginn. Dës Stee kéint nach annuléiert ginn, falls déi ganz oder een Deel vun der Schold géing bezuelt ginn.
Op RTL-Nofro hi sot den Hesper President Fernand Laroche en Dënschdeg de Moien, datt et net géif zu der Stee kommen, well “d‘Saach haut nach géif an d‘Rei bruecht ginn.”
An deene leschte Joren a Méint hu verschidde Spiller beim Weltfuttballverband FIFA geklot, hir Salairen net all kritt ze hunn. Doduerch gouf et ënner anerem och déi Transfertspären.