
Den Diego Duarte, deen aktuell fir d’Lëtzebuerger U21-Nationalekipp spillt, huet e Freideg den éischte Profikontrakt vu senger Karriär beim FC Metz ënnerschriwwen. Wéi de Veräin aus der Lorraine, deen aktuell op der 18. Tabelleplaz vun der Ligue 1 steet, matdeelt, wäert de Kontrakt dëse Summer a Kraaft trieden.
Den Diego Duarte war 2015 mat néng Joer aus dem Nowuess vum FC Monnerech an d’Akademie vum FC Metz gewiesselt.
De Mëttelfeldspiller wäert de Rescht vun der aktueller Saison beim RFC Seraing an der zweeter belscher Liga spillen, éier en dann am Summer Deel vum Profikader vu Metz gëtt.