Nationale FuttballDen Olivier Thill spillt vum Summer u fir d'UN Käerjeng

Sam Rickal
Dat huet den Tabellen-Eeleften aus der BGL Ligue e Samschdeg annoncéiert.
48 Mol stoung den Olivier Thill firt d’Rout Léiwen um Terrain.
© RTL-Archiv

Aus dem nationale Futtball kënnt d’Nouvelle, datt de Lëtzebuerger Nationalspiller Olivier Thill vu Summer u fir d’UN Käerjeng spill wäert, dat huet de Club e Samschdeg annoncéiert.

Den 48-fachen Nationalspiller hat zanter Ufank des Jores kee Veräin, well hie säi Kontrakt beim IMT Belgrad a Serbien opgeléist hat. Vun der nächster Saison u verstäerkt hien also elo d’UN Käerjeng.

Hei am Land huet den 29 Joer ale Mëttelfeldspiller ënnert anerem och well fir Nidderkuer a Rodange gespillt.

Back to Top
CIM LOGO