Zanter 1908 existéiert d’Résidence Walfer an et ass dëst Joer fir d’éischt, datt et ee vun den eelste Veräiner aus dem Lëtzebuerger Futtball et bis an déi héchst Divisioun gepackt huet. Historesch war deemno d'Victoire zu Beggen am Barragematch géint Kanech. Den 1. Juni 2026 viru bal 2.000 Spectateuren hat de Patrick Macedo net markéiert, mee hat d'Virlag fir de wichtegen 1:1-Ausgläich gemaach. Déi Blo konnte sech nom Eelefmeterschéissen duerchsetzen.
De Kapitän hat d'lescht Saison an der Éierepromotioun als beschte Buteur 27 Mol markéiert. Net nëmmen dowéinst war de Stiermer schonn eng länger Zäit eng ganz wichteg Perséinlechkeet am Stade Prince Henri. De Walfer Futtball virum Macedo senger Zäit stoung schonn am Fokus an dat wéinst dem Nico Braun, deen eng ganz grouss international Karriär fäerdegbruecht huet, ënner anerem beim FC Metz an dem FC Schalke 04.
An dëser Generatioun sinn zwee Spiller, déi zu Walfer waren respektiv sinn bis an d'Nationalekipp komm: de Mathias Olesen an de Patrick Macedo, deen dës Saison schonn 12 Goler geschoss huet. Een, deen hie quasi am Beschte kennt, kuckt op seng Evolutioun als Spiller zeréck.
Charles Schloesser - Technesche Beroder vun der Résidence Walfer: "Ech hat hien an de Cadeten. Do hues de lo net onbedéngt geduecht, datt et e Stiermer géif ginn. Ech mengen, dat kann hien och villäicht selwer zielen. Dat huet och méi domat ze dinn, dat hie sech relativ schwéier verletzt hat an déi Zäit hate mir mam Fred Cicchirillo e bekannte Buteur als Trainer a mam Michael Jager och nach en anere bekannte Buteur. Vun deenen Zwee huet hien immens vill geléiert an dat ass och eng vun senge grousse Stäerkten, hien observéiert gutt a léiert relativ séier."
Bei der Résidence sinn d'Leit richteg frou, datt de Patrick Macedo esou eng Karriär mécht. Hien huet sech dës Saison duerch Goler schéissen direkt probéiert an der BGL Ligue duerchzesetzen. Nom Remis géint Diddeleng e Sonndeg ass Walfer op der 8. Plaz an der Tabell.
Nodeems hie sech also an der héchster Divisioun gutt integréiert huet, koum elo d'Kiischt um Kuch an zwar eng Nominéierung fir d'Nationalekipp vum Walfer-Symbolspiller. Et gouf bestëmmt scho méi laang dovu gedreemt, datt de Macedo kéint fir d'Nationalekipp spillen. Freideg, den 13. November war deemno historesch fir hien.
Ee Mann, dee bei der Nationalekipp scho laang matresponsabel ass fir d'Material an donieft och d'Spiller betreit a schonn éiweg mam Patrick Macedo zu Walfer ze dinn huet, huet gehollef, datt et bei de Léiwe gutt soll lafen.
Carlo de Borger - Team-Manager vun der Résidence Walfer: "Ech hat ëm e puer Tuyaue ginn, wéi ee sech e bësse verhält do bei deenen anere Jonge, mee ech mengen een ewéi de Patrick, deen der e Schrottauto kann als neien Auto verkafen a sengem Beruff, dee kënnt dohinner, dee sëtzt sech bei den Anthony Moris, den Dirk Carlson oder wéi se all heeschen a fänkt u mat deene Jongen ze schwätzen. Ech hätt him am Fong näischt brauchen ze soen, well hie koum dohinner: "Salut, mir hu jo de leschte Sonndeg géintenee gespillt." Dat huet anstandslos geklappt mat him."
No den zwee Matcher an der Nations League ass nees den Alldag am nationale Futtball ugesot, mee de Patrick vergësst d'Aventure bei de Roude Léiwen awer natierlech net.
Patrick Macedo - Kapitän vun der Résidence Walfer: "Et war schonn eng Éier, wéi gesot, dobäi ze sinn. Et war eng Éier, déi éischt Minutten ze spillen, selektionéiert ze ginn. Et heescht, elo zeréck op de richtege Rhythmus. Dat heescht, schaffe goen, heihinner op Walfer, wat nach ëmmer d'Prioritéit bleift, dem Veräin ze hëllefen a mam Veräin d'Ziler ze erreechen."
Zanter Juli 2024 ass de Patrick Oliveira den Haaptverantwortlechen op der Bänk bei der Résidence. Déi zwee Patricke versti sech ganz gutt. Si hunn och allebéid 31 Joer. Den Trainer ass genee zwee Deeg méi al wéi säi Kapitän. De Macedo ass vill vill méi, wéi just e Buteur fir seng Ekipp.
Patrick Oliveira - Trainer vun der Résidence Walfer: "Hien ass och en immens clevere Spiller. Dat heescht, ech ka mat him en normalen Dialog féieren. Hie gëtt mer och säi Feedback vu bannen. Et facilitéiert natierlech d'Aarbecht. Et war ganz, ganz spannend um Ufank, well mer awer wëssen, Macedo ass awer e grousse Numm hei zu Walfer. Et huet awer vun Ufank u geklappt. D'Relatioun ass haut top an och fir d'Ekipp. Ech mengen, et ass awer een, dee wierklech eng ganz gutt Stëmmung bréngt, deen awer och exigent ass, deen awer ëmmer méi wëll an dat ass einfach genau dat, wat ech mer och virstellen, och dat wat ech wëll, wat ech och gefrot hunn."
Deen een oder anere Veräin an der BGL Ligue wollt de Buteur an der Vergaangenheet schonn engagéieren. Den neien Nationalspiller huet a Kaf geholl, zu Walfer vill manner ze verdéngen, well fir hien zielen aner Argumenter an dowéinst ass hie bliwwen. Hie weess, datt dat bei der Résidence appreciéiert gëtt.
Patrick Macedo - Kapitän vun der Résidence Walfer: "D'Leit hu mir och ugeruff a geschriwwen. Ech hunn déi Freed scho matkritt an et huet och gutt gedoen, dass d'Leit och frou waren, well se och wësse wéi vill ech dofir geschafft hunn. Wat mir och als ganze Veräin gelidden hunn, fir och an d'BGL Ligue ze kommen. Och fir de Veräin ass dat eng gutt Saach, dass ee vu Walfer selektionéiert gouf, well et ass verdéngt, mat all der Aarbecht, déi bis elo gemaach gouf."
Et bleiwen nach zwee Rendez-vouse virun der Wanterpaus, fir sech an der BGL Ligue ze etabléieren an da kënnen de Patrick Macedo a Walfer op e ganz speziellt an erfollegräicht Joer zeréckkucken.