Coupe am FuttballJust een éischtklassegt Duell an den 1/8-Finallen, Titelverdeedeger FCD03 muss op Bieles

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie goufen d'1/8-Finallen an der Coupe de Luxembourg vun den Hären ausgeloust. Bei den Damme stoung d'Auslousung vun de 1/4-Finallen um Programm.
An den 1/8-Finalle wäert et mat Munneref-Wolz just een Duell tëscht zwou Ekippen aus der BGL Ligue ginn.
© Val Wagner

Coupe de Luxembourg

Am nationale Futtball kënnt et an den Aachtelsfinalle vun der Coupe de Luxembourg zum Duell tëscht Munneref a Wolz, wat deen eenzege Match mat zwou Ekippen aus der ieweschter Divisioun ass.

Den Titelverdeedeger Déifferdeng muss op Bieles, Monnerech kritt Besuch vu Käerjeng, Berbuerg krut de Racing zougeloust, Iechternach spillt géint Rodange a Kanech géint Feelen.

Beggen hat am leschten Tour den Tabelleleader aus dem nationale Futtball Stroossen eliminéiert a spillt elo géint Péiteng.

D‘Matcher si fir den 13. Dezember programméiert.

Coupe des Dames

Och bei den Damme war den Tirage vun de Véierelsfinallen.

Den Titelverdeedeger Racing spillt zu Dikrech, Käerjeng kritt Besuch vun Hesper, Ell spillt géint Beetebuerg an Diddeleng géint d’Entente Red Black Red Star Luxembourg.

Hei ginn d’Matcher eréischt den 13. Mäerz 2027 gespillt.

Liest dozou och

Back to Top
CIM LOGO