
D‘Fifa-Weltmeeschterschaft bei den Damme wäert méi grouss ginn. Vun 2031 un dierfen am Ganzen 48 Länner un der WM deelhuelen.
Aktuell sinn et der nach 32, an dat och fir d‘WM 2027 a Brasilien, op där d'Spuenierinnen hiren Titel wëlle verdeedegen.
Um ausseruerdentleche FIFA Kongress gouf e Méindeg annoncéiert, datt d‘Weltmeeschterschaft 2031 a véier Länner wäert gespillt ginn, an den USA, Mexiko, Costa Rica an Jamaika.
2035 gëtt d‘WM dann a Groussbritannien ausgedroen: an England, Nordirland, Wales a Schottland. Och do da mat 48 Natiounen.
Bei den Häre war d‘WM dëst Joer jo och fir déi éischte Kéier mat 48 Equippe gespillt ginn.