
Réng sportlech gesinn hat de Senegal d'Finall vum Afrika-Cup am Januar vun dësem Joer 1:0 géint Marokko gewonnen. Allerdéngs waren d'Senegaleese virun hirem Gol aus Protest, wéinst engem kuerz virdrun accordéierten Eelefmeter fir d'Marokkaner, vum Terrain gaangen. D'Partie war doduerch 24 Minutten ënnerbrach gewiescht.
Marokko hat no dëser Aktioun Protest ageluecht an krut vum afrikanesche Futtballverband CAF am Mäerz Recht. D'Finall gouf dunn 3:0 fir d'Marokkaner gewäert, déi sech an der Suite nodréiglech iwwer den Titel konnte freeën.
Allerdéngs huet den internationale Sport-Geriichtshaff CAS dës Affär en Dënschdeg nach emol tranchéiert an decidéiert, datt den Titel awer definitiv dem Senegal géif gehéieren. Deemno bleift d‘Resultat vun der 1:0-Victoire fir de Sadio Mané a Co. bestoen. Et ass den zweete Gewënn vum Senegal beim Afrika-Cup.