Afrika-Cup oder Duell géint de MessiDës Spiller notzen d'BGL Ligue als Bün fir hir international Karriär

Charlie Stone
RTL Today iwwersat vun RTL.lu
Och wann d'BGL Ligue international just op wéineg Unerkennung stéisst, ginn ëmmer nees auslännesch Spiller op der ganzer Welt fir Lännermatcher nominéiert.
De Roman Ferber vun Atert Biissen gouf viru Kuerzem fir d'Nationalekipp vu Madagaskar nominéiert.
© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu

Déi jéngst Nominéierung vu sechs Spiller fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp (Hall, Veiga, Ikene, Thill, Macedo an Natami) kéint op eng Hausse vun der spillerescher Qualitéit an der BGL Ligue deiten. Ma net nëmme Spiller vu Lëtzebuerg profitéieren dovun, och international Spiller maache weltwäit op sech opmierksam.

De Clement Couturier (US Munneref), Roman Ferber (Atert Biissen), Geordan Dupire (Atert Biissen) a Sonny Laiton (RFCUL) goufe viru kuerzem all an de Kader vu Madagaskar fir déi nächst zwee Qualifikatiounsmatcher fir den Afrika-Cup beruff. Géint Guinea-Bissau gouf et en Donneschdeg en 1:1-Remis, woubäi den Dupire als Golkipp an der Starteelef stoung. Och de Couturier war vun Ufank un am Asaz, huet awer kuerz virun der Paus misse verletzungsbedéngt ausgewiesselt ginn. En Dënschdeg geet et dann nach eemol géint dee selwechte Géigner.

Och wann et dës Woch déi eenzeg Spiller aus der BGL Ligue sinn, déi fir hir Nationalekippen am Asaz waren, goufen an der Vergaangenheet scho vill weider Spiller nominéiert.

International Verbindungen

Déi international Nationalspiller vu Lëtzebuerg beschränke sech net nëmmen op déi madagassesch Nationalekipp, och wann d'Majoritéit vun de Spiller vum afrikanesche Kontinent kënnt. Schonn 2019 gouf de Stélvio Rosa da Cruz, deen deemools fir den F91 Diddeleng gespillt huet, fir de Kader vun Angola fir den Afrika-Cup nominéiert.

Zwee Joer drop huet de Yann Mabella, Stiermer beim Stater Racing, seng éischt Nominéierung fir d'Nationalekipp vun der DR Kongo krut. Seng Nominéierung war déi logesch Suite vu staarke Leeschtungen zum Schluss vun der Saison 2020/21, wou hien a senge leschte véier Championnatsmatcher sechs Goler geschoss huet.

Am selwechte Joer gouf de Moussa Maazou, Stiermer bei der Jeunesse Esch, vum Niger fir d'Qualifikatiounsmatcher fir den Afrika-Cup géint d'Côte d'Ivoire a Madagaskar nominéiert. Den erfuerene Stiermer hat virdrun ënner anerem fir Monaco, Bordeaux an ZSKA Moskau gespillt, éier en op Lëtzebuerg komm war.

Am Joer 2022 gouf dann de Sylvio Ouassiero vum F91 Diddeleng vu Madagaskar fir d'Afrika-Cup-Qualifikatiounsmatcher géint déi Zentralafrikanesch Republik an Angola beruff.

De Sylvio Ouassiero am Asaz fir den F91 Diddeleng.
© Val Wagner

Am Mäerz 2023 goufen dann direkt sechs auslännesch Nationalspiller nominéiert. D'Union Titus Péiteng war mat zwee Spiller vertrueden: De Kai Merk gouf vu Kirgistan nominéiert an de Marian Sarr vu Gambia, nodeems de gambeschen Nationaltrainer Tom Saintfiet op Lëtzebuerg komm war, fir de fréieren Defenseur vu Borussia Dortmund spillen ze gesinn.

Dem Merk seng Nominatioun hat donieft eng besonnesch Bedeitung, well de Stiermer seng éischt Chance op d'Nationalekipp krut huet, nodeems en duerch säi Papp déi kirgisesch Nationalitéit krut hat. An der Suite gouf hie Stammspiller an der Nationalekipp a koum wärend senger Zäit bei Péiteng op 20 Lännermatcher, éier en am Februar 2025 op Diddeleng gewiesselt ass.

Da gouf den Ismaël Sidibé vun Diddeleng fir Mali nominéiert, wärend säin Teamkolleeg Ouassiero an de Kader vu Madagasker zréckgeruff gouf. Den Defenseur vu Wolz Peter Guinari gouf vun der Zentralafrikanescher Republik aberuff, wat e méiglecht Duell vun zwee Spiller aus der BGL Ligue op an engem Lännermatch méiglech gemaach huet. Och den Ahmed Mogni, Stiermer bei der Jeunesse Esch, gouf fir d'Komoren nominéiert.

Op der anerer Säit vun der Welt koum am Juni 2024 de Christian Schoissengeyr, Defenseur bei Déifferdeng, fir déi Dominikanesch Republik an engem WM-Qualifikatiounsmatch géint Jamaika an den Asaz, dee bei der knapper 0:1-Defaite iwwer 90 Minutten um Terrain stoung.

Am Januar 2025 huet Victoria Rouspert mam Transfert vum Jodel Dossou een etabléierte benineschen Nationalspiller op Lëtzebuerg geholl. De fréiere Fligelspiller vu Clermont Foot gouf doropshin an de Kader vum benin fir d'WM-Qualifikatiounsmatcher géint Simbabwe a Südafrika am Mäerz beruff. Obwuel den Dossou mëttlerweil an der Éierepromotioun fir Luerenzweiler spillt, war hien am Oktober un engem historesche Lännermatch bedeelegt. Hie gouf nämlech géint Argentinien agewiesselt, wéi de Lionel Messi säi leschte Match fir d'Albiceleste gespillt huet.

Trotz der klenger internationaler Unerkennung vun der BGL Ligue gëtt se enger Rei Spiller also trotzdeem eng Bün an eng Méiglechkeet, fir sech fir d'Nationalekippe ronderëm d'Welt ze beweisen.

Back to Top
CIM LOGO