
E Sonndeg war an der UEFA Nations League den Optakt vum sechsten a leschte Spilldag. Am Grupp C huet Albanien duerch eng 2:0-Victoire géint Belarus den Opstig an d'Liga B kloer gemaach.
An der Liga A koum et zu zwee Dueller ëm d'Gruppevictoire, déi England respektiv Frankräich fir sech entscheet hunn.
E Samschdeg hate scho Schweden an Éisträich um 5. Spilldag den Opstig kloer gemaach.
An der Grupp 3 huet England Spuenien d'Gruppevictoire op der Zilgeraden ewechgeholl, an dat mat enger 3:2-Victoire. Am Allersmatch gouf et dat selwecht Resultat, just zum Virdeel fir d'Spuenier. Well England déi besser Goldifferenz huet (19:6 géint 16:8) stinn d'Three Lions um Enn ganz vir. Fir d'Ibeerer war et déi éischt Néierlag an der Nations League.
England war duerch den Harry Kane kuerz virun der Paus per Eelefmeter a Féierung gaangen, de Konsa an de White konnten bis an d'60. Minutt op 3:0 erhéijen. D'Ekipp vum Trainer Thomas Tuchel huet kuerz duerno den Anderson duerch eng rout Kaart verluer, wat Spuenien nees an d'Spill bruecht huet. Mee d'Goler vum Oyarzabal a Williams goungen net méi duer.
Kroatien schléisst d'Grupp als Drëtten of, wärend d'Tschechien mat null Punkten an d'Liga B ofsteigt. D'Kroaten hunn d'Tschechen am leschte Match 2:1 geklappt.
Änlech spannend war et an der Grupp 1, wou sech Frankräich an d'Belsch ëm déi éischt Plaz gestridden hunn. Les Bleus hunn de Match géint d'Tierkei laang schwéier gedoen, gewannen um Enn awer 2:1. D'Tierken hu sech de ganze Match iwwer net verstoppt an dogéint gehalen, mee et war d'Ekipp aus dem Hexagon, déi den éischte Gol markéiert huet. Den Arda Güler hätt fir eng séier Äntwert suerge kënnen, mee säi Gol gouf oferkannt. An der 80. Minutt konnt Frankräich noleeën, éier d'Tierkei an der Nospillzäit nach zum Éieregol koum.
Well d'Fransousen hire Match gewonnen hunn, war déi kloer 4:1-Victoire vun der Belsch géint Italien Niewesaach. D'Squadra Azzurra war zu Bréissel wuel a Féierung gaangen, mee d'Belsch konnt de Match mat dräi Goler bannent 11 Minutten zu senge Gonschten dréien. An der 80. Minutt huet de Moreira fir den Endstand gesuergt.
Italien lant um Enn op der drëtter Plaz, d'Tierkei fält mat null Punkten eng Liga méi déif.
Montenegro stoung scho virum leschte Match am Grupp 2 als Opsteiger an d'Liga B fest an huet fir den Ofschloss nach eemol däitlech mat 4:1 géint Zypern gewonnen. Am Stadion zu Limassol hat et just fënnef Minutte gedauert, bis d'Gäscht aus Montenegro duerch de Milutin Osmajic a Féierung gaange sinn. Kuerz no der Paus war de Spillstand dann no engem Eelefmeter fir Zypern nees egaliséiert. Déi besser Ekipp war awer weiderhin déi vun de Montenegriner, déi duerch ee Gol vum Milan Vukotic an zwee weiderer vum Nikola Krstovic den Deckel drop gemaach hunn. Fir Zypern geet et trotz der Defaite als Tabellenzweeten an d'Playoffen ëm den Opstig an d'Liga B.
Am anere Match vum Grupp 2 hu sech Lettland an Armenien zu Riga mat engem 0:0 d'Punkte gedeelt. Domat schléissen d'Armenier d'Tabell mat sechs Punkten op der 3. Plaz of a Lettland mat zwee Punkten op der leschter Plaz.
Am Grupp 1 kann Albanien den Opstig an d'Liga B feieren. Am decisive Match géint den Tabellenzweete Belarus gouf et eng 2:0-Victoire. Am Match, deen zu Budapest gespillt gouf, hat de Rey Manaj no 28 Minutte fir déi albanesch Féierung gesuergt an nom Säitewiessel war et den Elseid Hisaj, deen op 2:0 erhéije konnt. Belarus konnt dorop keng Reaktioun weisen a muss sech um Enn mat der zweeter Plaz zefridde ginn, mat där et an d'Opstigs-Playoffe geet.
Eng méi kloer Saach war et am anere Gruppematch, wou sech Finnland mat 7:2 géint San Marino behaapt huet. Schonn no 20 Minutte louch d'Lokalekipp zu Helsinki mat 3:0 a Féierung. Duerch en Eelefmeter konnt San Marino dann an der 26. Minutt verkierzen, ma dat sollt näischt um Spillverlaf änneren. Finnland huet dat sécher erofgespillt a bleift um Enn trotz der Victoire punktgläich op der drëtter Plaz hannert Belarus. San Marino dogéint schléisst de Grupp ouni e Punkt a mat enger Goldifferenz vu -22 op der leschter Plaz of.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.