FK Borac Banja LukaAlessio Curci huet a Bosnien en neie Veräi fonnt

Sam Rickal
Zanter dem Summer hat de Lëtzebuerger Nationalspiller kee Veräi méi.
© RTL / Val Wagner (Archiv)

Aus dem Futtball ass et d'Nouvelle, datt den 20-fache Lëtzebuerger Nationalspiller Alessio Curci beim FK Borac Banja Luka an der héchster Divisioun a Bosnien-Herzegowina ënnerschriwwen huet. Säi Kontrakt leeft bis 2028. Zanter dem Summer hat de 24 Joer ale Stiermer kee Veräi méi.

Borac Banja Luka steet aktuell mat 31 Punkten op der zweeter Plaz an der Tabell, hannert Zrinjksi Mostar (34 Punkten). Si spillen donieft och an der Conference League. De Club huet déi lescht Saison déi bosnesch Coupe gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO