E Méindeg um 18 Auer ass fir d’Futtball Nationalekipp zu Reykjavik déi 6. a lescht Partie vun der Nations League Campagne an dat beim Tabelleleader Island. Fir d’Selektioun aus dem héijen Norde vun Europa geet et ëm ganz vill. Bei de Roude Léiwe geet et haaptsächlech drëms, eng Campagne mat groussem Verletzungspech op eng korrekt Manéier ofzeschléissen. E Méindeg feelt den Omar Natami, dee gespaart ass. De Stroossener ass awer mat op Reykjavik geflunn, fir bei der Ekipp ze sinn. Den Dirk Carlson ass dogéint no senger Spär nees disponibel. Géint Estland hat sech den Tim Hall wéi gedoen. Seng Verletzung ass éischter méi liicht.
Am fréien Owend wäerte fir d'Spiller d’Konditiounen net evident si bei Temperature vu warscheinlech - 8° C. De Kapitän Laurent Jans huet um Sonndeg op der Pressekonferenz duerchblécke gelooss, datt hien a seng Kolleege sech net vun den externe Konditioune beaflosse wëlle loossen, fir eng besser Leeschtung un den Dag ze leeë wéi e Freideg géint Estland.
"Jo, ech mengen, vun hinne sinn och ganz vill, déi net méi hei spillen. Dat ass eppes natierlech, wourun een denkt an awer ass eppes, wat ee schnell vergiesse muss, well et elo näischt ass, wat sou ee risen Afloss dierf hunn, datt et kal ass. Wéis de och scho gesot hues, et ass fir déi zwee kal. An ech mengen och net, datt dat eppes ass, wou deen een oder aneren ee rise Virdeel doraus kann zéien."
D’Lokalselektioun ass an enger positiver Dynamik. Island ass deemno däitlech den objektive Favorit, och well d’Resultater déi lescht Zäit net gutt ware bei der FLF-Selektioun. D’Rout Léiwen wëllen en anert d’Gesiicht weise wéi géint Estland. Den Nationaltrainer Jeff Strasser an de Staff hu jiddefalls an déi Richtung geschafft.
"Et geet drëm, einfach och an d'Käpp vun de Spiller ze kommen an hinne bewosst ze maachen, dass déi Leeschtung, wou si e Freideg bruecht hunn, hiren eegenen Usproch net entsprécht an dass et awer schéin ass am Fussball, dass de dräi Deeg duerno kanns beweisen, dass de et besser kanns maachen an et ass eise Rôle als Trainerteam, fir Saache konkreet unzeschwätzen, mee dann natierlech direkt hannendrun d'Ekipp erëm esou opzebauen, dass se kuerzfristeg duerno erëm gutt ka performen."
Ugepaff gëtt e Méindeg um 18 Auer. D'Partie kënnt dir hei op der Antenne, bei de Kolleege vun der Tëlee an och um Internet live suivéieren.