
Am Futtball stoungen e Samschdeg déi lescht Matcher vum 5. Spilldag an der Nations League um Programm. An der Liga A steet Wales no enger Defaite an Norwegen als Gruppeleschten am Grupp 4 fest, wärend Portugal no enger däitlecher Néierlag géint Dänemark nach net sécher Gruppenéischten ass. An der Liga B stinn Éisträich a Schweden als Opsteiger fest, iwwerdeems et am Grupp 2 um leschte Spilldag zum decisive Match tëscht Ungarn an Nordirland kënnt.
Am fréien Owend huet Norwegen sech 3:1 géint Wales behaapt. Am éischten Duerchgang war Norwegen déi liicht besser Ekipp, kloer Occasioune goufen et awer op béide Säiten net. Och nom Säitewiessel goufen et net allze vill Offensivaktiounen, no enger Stonn konnt den Nusa awer no engem Corner aus 16 Meter ofschléissen an den 1:0 fir d'Skandinavier markéieren. Kuerz drop huet den Haaland mat enger schéiner Pass de Schjelderup an Zeen gesat, deen op 2:0 erhéicht huet. Eng 10 Minutte viru Schluss huet de Brooks nach eemol verkierzt, no engem verwandelten Eelefmeter vum Haaland war d'Partie awer entscheet. Trotz dräi Néierlagen aus den éischte véier Matcher huet Norwegen d'Qualifikatioun fir d'1/4-Finallen domat um leschte Spilldag an der eegener Hand. Wales steet iwwerdeems als Tabelleleschten am Grupp 4 fest, den direkten Ofstig an d'Liga B ass awer onwarscheinlech. Just déi zwee schlechtst Gruppelescht aus der Liga A steigen nämlech direkt of, a Wales huet bis elo als eenzeg Véiertplacéierten e Match gewonnen.
Am anere Match huet Portugal doheem 1:4 géint Dänemark verluer. Portugal stoung allerdéngs virum Match schonn als Véierelsfinalist fest. Um Enn vun enger relativ ausgeglachener éischter Hallschent kruten d'Dänen no engem Handspill vum Dias en Eelefmeter, deen den Hojbjerg verwandele konnt. D'Portugisen hunn op dee Réckstand keng direkt Äntwert fonnt a mam éischten Ofschloss vun der zweeter Hallschent huet den Hojlund op 2:0 erhéicht. Et sollt nach méi déck komme fir d'Haushären, well den Hojlund just e puer Minutte méi spéit nach een dropgesat huet. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet den Andersen de 4. dänesche Gol geschoss, an der Nospillzäit huet de Silva fir d'Endresultat gesuergt. En Dënschdeg entscheet sech am Duell tëscht Dänemark an Norwegen, wie sech fir d'1/4-Finalle qualifizéiere kann.
Am Grupp 2 huet Georgien doheem 0:2 géint Ungarn verluer. De Kvernadze hat kuerz virum Säitewiessel déi bescht georgesch Chance, säi Kappball war awer net cadréiert. An der zweeter Hallschent sinn d'Ungaren offensiv no an no méi zwéngend ginn a konnte schliisslech duerch e Selbstgol vum Dvali no engem Corner a Féierung goen. 5 Minutte viru Schluss huet de Varga no Konter op 2:0 gestallt an de Match domat entscheet. Um leschte Spilldag geet et am Duell tëscht Georgien an der Ukrain dorëms, wien an der Liga B bleift a wien als Gruppeleschten an d'Barragëmatcher goe muss.
Nordirland huet sech iwwerdeems 1:0 géint d'Ukrain behaapt. D'Ukrain hat zu Belfast méi vum Ball, d'Ofschlëss virun der Paus waren awer bal alleguerte fir d'Haushären. No enger knapper hallwer Stonn haten déi zwou Ekippen hir bescht Chance vum éischten Duerchgang, béid Kéiere stoung allerdéngs de géigneresche Golkipp am Wee. An der 68. Spillminutt koum den Devlin dunn no engem Corner aus der Distanz zum Ofschloss a konnt den decisive Gol fir seng Faarwe schéissen. Nordirland bleift deemno mat engem Punkt Avance un der Tabellespëtzt, muss en Dënschden awer nach an Ungarn géint den Tabellenzweete spillen.
Am Grupp 3 hunn de Kosovo an Israel sech 0:0 getrennt. D'Lokalekipp war zwar méi geféierlech an huet och eemol d'Lat getraff, um Enn huet et béide Formatiounen awer am leschten Drëttel un der néideger Prezisioun gefeelt. Um leschte Spilldag kënnt et an der Partie tëscht dem Kosovo an Irland zum direkten Duell ëm déi 2. Plaz an deemno d'Participatioun an den Opstig-Playoffs. Israel brauch um leschte Spilldag eng Victoire géint Éisträich, fir d'Barragëmatcher nach verhënneren ze kënnen.
Éisträich konnt sech iwwerdeems 1:0 géint Irland duerchsetzen a steigt domat an d'Liga A op. Nodeems d'Spectateuren zu Linz eng gutt Stonn laang net vill kloer Golgeleeënheete ze gesi kruten, huet Éisträich den Drock an der Schlussphas erhéicht a konnt no engem Corner duerch de Kalajdzic a Féierung goen. D'Iren sinn an de leschte Minutten nach zu e puer gudde Chancë komm, e Gol sollt awer net méi falen. Fir Irland ass um leschte Spilldag domat vu Plaz 2 bis Plaz 4 nach alles méiglech.
An enger ausgeglachener Partie tëscht Rumänien a Polen am Grupp 4 huet den Cicaldau 20 Minutte viru Schluss aus der Distanz den 1:0 fir d'Rumäne geschoss. D'Gäscht hunn dunn hannen opgemaach a goufe kuerz drop duerch ee Konter äiskal erwëscht. De Man konnt op 2:0 erhéijen a Rumänien domat déi éischt Punkte vun dëser Campagne sécheren. De Gol vum Regula koum ze spéit fir Polen, déi mat dëser 1:2-Néierlag elo net méi opsteige kënnen. D'Rumäne bleiwen zwar Tabelleleschten am Grupp 4, si kënnen um 6. Spilldag awer nach op Plaz 3 sprangen an domat d'Barragëmatcher evitéieren.
Am anere Match vum Grupp ass Schweden senger Favoritteroll géint Bosnien-Herzegowina gerecht ginn an huet sech doheem 3:2 duerchgesat. Schonn no 11 Minutte louch een duerch Goler vu Svensson a Gyökeres 2:0 a Féierung. Mam zweeten Eelefmeter vum Match huet de Gyökeres an der 45. Minutt allem Uschäin no fir d'Virentscheedung gesuergt, d'Partie sollt no Goler vu Gigovic a Kolasinac no der Paus awer nach eemol spannend ginn. D'Schwede kruten d'Féierung um Enn awer iwwer d'Zäit bruecht a sinn domat an d'Liga A opgestigen. Och Bosnien huet déi 2. Plaz an domat d'Participatioun an den Opstig-Playoffs sécher.
Vun e Sonndeg bis en Dënschdeg stinn nach d'Matcher vum 6. an domat leschte Spilldag vun der Ligaphas um Programm. Lëtzebuerg spillt e Méinden um 18:00 Auer zu Reykjavik géint Island.
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.