
Gladbach - Augsburg 4:0
1:0 Scally (8'), 2:0 Diks (20', Eelefmeter), 3:0 Tabakovic (36'), 4:0 Tabakovic (61')
Am éischte Match vum neie Joer huet Gladbach de positiven Trend aus 2025 matgeholl a sech mat engem 4:0 kloer géint Augsburg duerchgesat. D’Gäscht kommen och mam neien Trainer net aus der Negativspiral eraus. Duerch zwee fréi Goler waren d’Fohle séier op der Gewënnerstrooss a konnte sech bis an d’Paus souguer komfortabel op 3:0 ofsetzen. Virun allem d’Effizienz virum Gol huet hei den Ausschlag ginn. Augsburg, bei deenen den Aiman Dardari net am Kader stoung, huet iwwer de ganze Match net vill Gefor virum Gol ausgestraalt. Mam véierte Gol fir Gladbach war den Deckel drop.
Bayern München - Wolfsburg 8:1
1:0 Fischer (5', Eegegol), 1:1 Pejcinovic (13'), 2:1 Luis Diaz (30'), 3:1 Olise (50'), 4:1 Jenz (53', Eegegol), 5:1 Guerreiro (68'), 6:1 Kane (69'), 7:1 Olise (76'), 8:1 Goretzka (88')
Wolfsburg ass mat enger desolater Leeschtung an dat neit Joer gestart a stécht weider déif am Ofstigskampf. Bezeechnend waren déi zwee Eegegoler vun de Wëllef an dësem Match. Dobäi hat ugangs näischt op esou eng schlecht Leeschtung vu Wolfsburg higedeit. De VfL huet d’Bayern fréi attackéiert an huet sech esou eng Rei Chancen erschafft. D’Münchener waren awer ëmmer duerch Konterattacke geféierlech, déi awer eréischt no der Paus eppes abruecht hunn. Spéitstens no zwee séiere Goler vum Guerreiro a Kane war de Match beim Stand vu 6:1 gelaf. Wolfsburg war an der zweeter Hallschent einfach desolat an de Rekordmeeschter huet dat äiskal ausgenotzt. Mat aacht Goler huet den FCB och eppes fir d’Goldifferenz gemaach a steet elo 11 Punkte virun Dortmund.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Portsmouth - Arsenal 1:4
1:0 Bishop (3'), 1:1 Dozzell (8', Eegegol), 1:2 Martinelli (25'), 1:3 Martinelli (51'), 1:4 Martinelli (72')
No Ufanksschwieregkeete koum Arsenal duerch eng Ongeschécklechkeet vu Portsmouth nees séier an de Match. Duerno huet de Martinelli grouss opgetrompt an en Dräierpak fir d’Gunners markéiert. D’Resultat hätt nach méi kloer fir Arsenal ausgoe kënnen, mee de Madueke huet an der 43. Minutt en Eelefmeter net erakritt. Um Enn war et awer eng souverän Leeschtung vum Tabelleleader aus der Premier League. Bei Arsenal huet de Kai Havertz no laanger Blessur säi Comeback gefeiert.
Manchester United - Brighton & Hove Albion 1:2
0:1 Gruda (12'), 0:2 Welbeck (64'), 1:2 Sesko (85')
Och no der Entloossung vum Ruben Amorim kënnt Manchester United net an d’Gäng. Géint Brighton, déi an der Tabell just 3 Punkten hannert de Red Devils leien, gouf et dat battert Aus am FA Cup. Nodeem de Sesko ManU an der Schlussphas nach eng Kéier erubruecht hat, war déi Giel-Rout Kaart fir de Lacey de Sargnol fir d’Néierlag.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Florenz - AC Mailand 1:1
1:0 Comuzzo (66'), 1:1 Nkunku (90')
Florenz setzt säi positiven Trend weider. Aus de leschten dräi Matcher huet d’Fiorentina fënnef Punkte gesammelt a stielt sech lues a lues vun den Ofstigsplazen. Géint den AC Mailand hunn déi Mof hiert aacht Gläichspill an dëser Saison realiséiert. Dobäi hat déi éischt Hallschent zimmlech schlecht fir Florenz opgehalen, well de Vanoli mat Rout vum Terrain gesat gouf an een eng ganz Hallschent just zu Zéng um Terrain war. Trotzdeem ass der Lokalekipp den éischte Gol vum Match gelongen, deen awer net duergoe sollt. Den agewiesselten Nkunku huet fir Mailand zimmlech spéit ausgeglach. Den AC wäert sech trotzdeem iwwer de Punktverloscht iergeren, well den Tabelleleader Inter Mailand bei zwee Matcher manner elo zwee Punkte Virsprong huet.
Verona - Lazio Roum 0:1
0:1 Nelsson (79', Eegegol)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Sochaux - Lens 0:3
0:1 Edouard (22'), 0:2 Udol (87'), 0:3 Sima (89')
Metz - Montpellier 0:4
0:1 Savanier (8'), 0:2 Issoufou (21'), 0:3 Tchato (46'), 0:4 Pays (64')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga