Futtball-Championnat: BGL LigueGeckeg Schlussphas op der Escher Grenz, Stroossen dréint Match géint Hesper

Yannick Zuidberg
E Sonndeg war d'Suite vum 14. Spilldag an der BGL, wou et ënnert anerem eng Victoire gouf fir de Leader Stroossen.
© Bob Leven

De Match tëscht Biissen an Déifferdeng ass wéinst dem schlechten Terrain net ugepaff ginn a gëtt deemno zu engem spéideren Ament nogeholl. Ma op all deenen aneren Terrainen ass e Sonndeg gespillt ginn.

De Leader Stroossen hat e Sonndeg bal déi éischt Néierlag vun der Saison missen astiechen an dat och nach grad géint den Tabelleleschte vun Hesper. Bis zur 71. Minutt hat d'Ekipp vum Holleschbierg d'Hoffnung déi éischt Punkte vun dëser Saison ze sammelen, mee de Leader Stroossen huet an de leschten 20 Minutten de Match nach gedréint a wënnt duerch Goler vun Delorge a Perez mat 2:1.

Nidderkuer huet iwwerdeems eng däitlech Victoire gefeiert. Géint Rouspert huet de Progrès sech mat 6:0 duerchgesat an der Ekipp vum Camping absolut keng Chance gelooss.

Ee spannende Match huet ee sech op der Escher Grenz erwaart. D'Jeunesse krut nämlech Besuch vum F91 Diddeleng. An an der éischter hallwer Stonn waren d'Haushären déi kloer besser Ekipp a konnten an der 19. Minutt dann och verdéngt a Féierung goen duerch e Gol vum Ken Schmitz. Den F91 huet missen eng Reaktioun weisen an huet dat dann och an der 37. Minutt a Persoun vum Azong gemaach, esou datt et mat engem 1:1 an d'Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel waren et d'Gäscht, déi besser aus de Kabinne komm sinn. D'Ekipp aus der Forge du Sud ass an der Suite dunn och verdéngt a Féierung gaangen. De Moussaki hat an der 53. Minutt den 2:1 markéiert. An der 88. Minutt huet den F91 dunn den 3:1 markéiert an et huet ee gemengt, domat wier et gedoen. Mee dann hat een d'Rechnung net mat der Escher Jeunesse gemaach. D'Haushären hunn nämlech an enger geckeger Schlussphas nach zwee Goler markéiert a sech esou e Punkt gerett. D'Jeunesse an Diddeleng deelen 3:3.

Eng animéiert Partie gouf et tëscht Rëmeleng a Käerjeng. D'Gäscht vu Käerjeng waren extrem gutt an de Match komm a louche séier mat 2:0 vir, ma d'Lokalekipp huet nach net opginn a konnt bannent 12 Minutten ausgläichen. Nom Säitewiessel war et nees den nämmlechte Verlaf wéi an den éischte 45 Minutten. Käerjeng huet mat zwee séiere Goler virgeluecht. Déi Kéier konnten déi Rëmelenger awer net konteren, esou datt Käerjeng de Match um Enn esouguer mat 5:2 gewënnt.

Donieft feiert Walfer eng iwwerraschend kloer 4:1-Victoire géint de Stater Racing a Munneref klappt d'Ettelbrécker Etzella 3:0.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO