
Dat huet säin neie Klub, den Éischtligist FC Zorya Luhansk, en Donneschdeg matgedeelt. Fir den 32 Joer ale Rodrigues ass déi ukrainesch Liga net onbekannt: Fir Dynamo Kiew huet hien 2019 insgesamt 33 Matcher gespillt a 6 Goler geschoss ier en un Ankaragücü an duerno un den ESTAC Troyes ausgeléint gouf. Hie stoung offiziell bis August 2025 zu Kiew ënner Kontrakt, ass awer wéinst dem russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain weider verléint ginn an huet zanter Enn 2019 net méi fir den ukrainesche Rekordmeeschter gespillt.
Sollt de Gerson Rodrigues e Samschdeg schonn an den Asaz kommen, geet et fir hien ausgerechent géint säi fréiere Veräin.
Den FC Zorya Luhansk steet den Ament op der 8. Plaz vum ukrainesche Championnat. Wéinst dem Krich absolvéiert de Club aus dem Oste vun der Ukrain seng Matcher den Ament zu Kiew, iwwregens och am Stadion vun Dynamo. Luhansk, d'Haaptstad vun der Oblast mam selwechten Numm, läit am Grenzgebitt zu Russland an ass den Ament vun der russescher Arméi besat.