Den Iwwerbléck vum internationale FuttballHamburg wënnt Nordderby géint Bremen, Réckschlag fir AS Roum

Jeff Birsens
E Sonndeg stoung an der 1. Bundesliga no knapp aacht Joer nees den Nordderby tëscht Hamburg a Bremen um Programm.
© Foto von MARCUS BRANDT / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An den internationale Futtballchampionnater waren an Däitschland all d’Aen op d’Duell tëscht Hamburg a Bremen geriicht, dat den HSV no enger geckeger Schlussphas mat 3:2 fir sech entscheede konnt. Am Nomëtteg konnt sech Dortmund dann nach mat 2:0 géint déi formstaark Hoffenheim behaapten. An Italien huet sech iwwerdeems d’AS Roma mat 0:1 misse géint Cagliari geschloe ginn, wouduerch een den direkten Uschloss un d’Tabellespëtzt verléiert, an an England rett sech Brighton an der Nospillzäit nach ee Punkt géint West Ham.

E Sonndeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

Bundesliga

Hamburg - Bremen 3:2
0:1 Stage (45+1'), 1:1 Lokonga (63'), 2:1 Vuskovic (75'), 2:2 Njinmah (78'), 3:2 Poulsen (84')

An deenen éischter 45 Minutte war Hamburg déi besser Ekipp um Terrain, ma ee Ballverloscht kuerz virun der Paus sollt dann awer zu der glécklecher Féierung fir Bremen féieren. Nodeems den Ustouss fir déi zweet Hallschent wéinst Pyrotechnik bësse méi laang wéi gewinnt op sech waarde loosse misst, kruten d’Spectateuren awer nach ee richteg spannende Match ze gesinn. Duerch Goler an der 63. a 75. Minutt konnt den HSV de Match dréinen. Nëmmen dräi Minutten drop war et dann awer den Njinmah, dee fir Bremen ausgeglach huet. Ma an enger geckeger Schlussphas haten d’Haushären dat lescht Wuert a sou wanne si de Match duerch een decisive Gol vum Poulsen an der 84. Minutt.

Dortmund - Hoffenheim 2:0
1:0 Brandt (43'), 2:0 Schlotterbeck (60')

Laang war d’Partie tëscht Dortmund an Hoffenheim op Aenhéicht. Den eenzegen Ënnerscheed bannent deenen éischte 45 Minutte sollt da kuerz virun der Paus de Julian Brandt maachen, deen aus kuerzer Distanz no Viraarbecht vum Yan Couto de Ball hannert d’Linn drécke konnt. Nom Säitewiessel huet sech de BVB da vun enger staarker Säit gewisen an huet deementspriechend an der 60. Minutt op 2:0 erhéicht. D’TSG huet zwar op ee Gol gedréckt, ma dozou sollt et net méi kommen a sou wënnt Dortmund de Match um Enn virun den eegene Spectateuren.

Dortmund

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Brighton - West Ham 1:1
0:1 Bowen (73'), 1:1 Rutter (90+1')

Fulham - Palace 1:2
0:1 Nketiah (20'), 1:1 Wilson (38'), 1:2 Guehi (87')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Cremonese - Lecce 2:0
1:0 Bonazzoli (53'), 2:0 Sanabria (78')

Cagliari - AS Roum 1:0
1:0 Gaetano (82')

D’AS Roum verléiert duerch eng 0:1-Defaite géint Cagliari den direkten Uschloss un d’Tabellespëtzt. Kuerz no der Paus ware si no der Rouder Kaart nëmmen nach zu 10. An der 82. Minutt war der Lokalekipp dann den eenzegen an decisive Gol vum Match gelongen. AC Mailand an Neapel hunn elo d’Chance, sech mat enger Victoire op véier Punkte vun der AS Roma ze distanzéieren.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nice - Angers 0:1
0:1 Belkhdim

Auxerre - Metz 3:1
1:0 Sinayoko (36'), 2:0 El Azzouzi (39'), 2:1 Hein (45+1'), 3:1 Danois (89')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Elche - Girona 3:0
1:0 Valera (40'), 2:0 Mir (51'), 3:0 Mir (57')

Valencia - FC Sevilla 1:1
0:1 Tarrega (58'), 1:1 Hugo Duro (90+3')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO