
De Mathias Olesen ass dëse Spilldag an der 2. Bundesliga ouni Spillminutte bliwwen. Vun der Bänk aus huet hien den 2:2-Remis vu Greuther Fürth beim 1. FC Nürnberg gesinn. An der Tabell bleift Fürth also weider op der ënneschter Relegatiounsplaz stoen.
Den Eldin Dzogovic stoung bei der iwwerraschender 2:0-Victoire vum 1. FC Magdeburg bei Hertha Berlin net am Kader.
D’Resultater aus der 2. Bundesliga
Den FC Winterthur huet sech e Sonndeg duerch e Géigegol an der Nospillzäit musse mat 1:2 géint de Favorit FC Basel geschloe ginn. Virun den eegene Spectateure war dem Tabelleleschten aus Winterthur tëschenzäitlech den Ausgläich gelongen, ma an der 93. Minutt huet den Tsunemoto mat sengem Gol fir d’Decisioun gesuergt. De Marvin Martins war an der 77. Minutt agewisselt ginn. An der schwäizerescher Super League huet Winterthur no 16 Matcher réischt 9 Punkten.
E batteren Nomëtteg war et och fir den Olivier Thill a Serbien. Den IMT Novi Belgrad louch an der Paus mat 0:2 hannen a konnt nom Säitewiessel trotz Iwwerzuel de Match net méi dréinen, sou datt et um Enn eng 2:3-Defaite géint den FK Novi Pazar gouf. Den Olivier Thill war an der 62. Minutt ausgewiesselt ginn.
An der hollännescher Eredivisie souz den Enes Mahmutovic bei der 0:1-Defaite vum NAC Breda géint Sparta Rotterdam op der Bänk.
Spartak Moskau huet sech am Derby géint Dynamo Moksau mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt. Beim Remis gouf de Christopher Martins an der 74. Minutt agewiesselt.
Am der hollännescher Eredivisie huet sech Heracles Almelo nach an der Nospillzäit e wichtegen en 1:1-Remis géint den Tabelleleschten Telstar geséchert. Den Yvandro Borges war an der 65. Minutt beim Stand vun 0:0 op den Terrain komm. An der Tabell kann Almelo op der 16. Plaz den Telstar also weider op dräi Punkten op Distanz halen.
Déi nächst Victoire gouf et e Samschdeg fir Beveren an de Laurent Jans an der zweeter belscher Liga. Am Duell géint Francs Borains ass de Gol vum Mertens kuerz virun der Paus duergaangen, fir de Match um Enn mat 1:0 fir sech ze entscheeden. Beveren bleift domat weider Tabelleleader, mat 39 Punkten aus 15 Matcher.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de weideren internationale Futtballchampionnater vum Samschdeg.
An der portugisescher Liga war e Freideg den Owend den Derby tëscht Sporting a Benfica, dee mat engem 1:1-Remis op en Enn gaangen ass. De Leandro Barreiro stoung dobäi de ganze Match am offensive Mëttelfeld um Terrain. Duerch dëst Gläichspill kann de Leader Porto dëse Weekend säi Virsprong op den Zweete Sporting op 5 Punkten ausbauen, op den Drëtte Benfica souguer op 8 Punkten.
D’Resultater aus der Liga Portugal.
An der zweeter Liga an Eisträich bleift den SKN St. Pölten weider Tabelleleader. Am Match géint Austria Wien, bei där den Dirk Carlson déi komplett 90 Minutten am Asaz war, gouf et um Enn eng 2:0-Victoire. An der Tabell bleift Admira Wacker weider ee Punkt hannert St. Pölten.
D’Partie tëscht Bastia an dem Red Star an der zweeter franséischer Liga gouf net op en Enn gespillt. An der 57. Minutt gouf ee Spiller vun engem Bengalo getraff, sou datt den Arbitter de Match beim Stand vun 0:0 ofgebrach huet. De Florian Bohnert souz op der Bänk. Bastia steet an der Ligue 2 ofgeschloe mat nëmme siwe Punkten op der leschter Tabelleplaz.