
E Sonndeg stoung am nationale Futtball de Rescht vun de 1/16-Finallen um Programm, nodeems sech e Samschdeg scho Wolz a Rodange mat geckege Matcher fir déi nächst Ronn qualifizéiere konnten.
Am Duell tëscht dem Champion an dem Coupegewënner aus der leschter Saison huet sech den FC Déifferdeng mat engem 3:1 zu Biissen den Ticket fir d'1/8-Finalle geséchert. Nom 1:0 vum Sébastien Thill konnt den Jude Sunday nach virun der Paus op 2:0 fir de Gaascht stellen. Just siwe Minutten nom Säitewiessel huet de de Ludovic Rauch da mam 3:0 fir eng Virentscheedung gesuergt. Biissen konnt dorop zwar nach mam 1:3 reagéieren, fir e Comeback war et awer net duergaangen.
Eng fauschtdéck Iwwerraschung ass dann dem Avenir Beggen gelongen, deen den Tabelleleader aus der BGL Ligue UNA Stroossen mat enger 3:0-Victoire eliminéiert huet. De Marc Kérian Etoundi, Decio Crufé an den Ousmane Baldé hunn déi dräi decisiv Goler fir d'Ekipp aus der Éierepromotioun geschoss.
Fir eng weider déck Iwwerraschung huet dann den FC Monnerech mat engem 3:2-Succès géint den F91 Diddeleng gesuergt. An der 30. Minutt waren d'Gäscht vun Diddeleng a Féierung gaangen, ma duerch zwee Goler vum Rui Pedro Henriques Gomes an engem vum Fabio Martins Cerqueira huet et den Zweetligist vu Monnerech nach an d'1/8-Finalle gepackt.
Dem FC Bartreng aus der 1. Divisioun ass et da mat engem spéiden 3:2 gegléckt, mat der US Hueschtert ee Géigner aus der BGL Ligue ze eliminéieren. Een decisive Gol an der 92. Minutt huet de Bartrenger um Enn den Ticket fir déi nächst Ronn geséchert.
Weider qualifizéiert fir d'1/8-Finalle si Käerjeng, Munneref, Péiteng, Feelen, Kanech, Lëntgen an de Racing.
An der Verlängerung sinn aktuell nach d'Matcher Bieles-Etzella, Iechternach-Gréiwemaacher a Berbuerg-Jeunesse.
________________________________________________