De Gol am VideoLeandro Barreiro trëfft nees fir Benfica Lissabon an der Champions League

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend ass Benfica Lissabon an der Champions League op Napoli getraff.

De Leandro Barreiro huet e Mëttwoch den Owend säin zweete Gol an der Futtball-Champions-League geschoss. Nodeems de Lëtzebuerger well de 5. Spilldag fir Benfica getraff hat, huet hien e Mëttwoch den Owend den 2:0 an der Partie géint Neapel markéiert. Den 1:0 hat de Rios an der 20. Minutt geschoss. Um Enn ass et beim 2:0 fir Benfica bliwwen.

Fir Benfica war et déi zweet Victoire an der Ligaphas. Bei nach zwee Spilldeeg, déi ze spille bleiwen, steet een op Plaz 25, dat mat engem Punkt Retard op Kopenhagen. D’Ekippen op de Plaze 24 bis 9 qualifizéiere sech fir de Playoff.

De Resumé vun de Partië Leverkusen-Newcastle a Benfica-Neapel



Back to Top
CIM LOGO