Vu Stroossbuerg an d'Premier LeagueLiam Rosenior als neien Trainer vum FC Chelsea virgestallt

Jeff Birsens
Den 41 Joer ale Britt huet bei de Blues e Kontrakt bis 2032 ënnerschriwwen – dat huet de Veräin en Dënschdeg de Moie confirméiert.
Strasbourg's British head coach Liam Rosenior looks on during a press conference at the Stade de la Meinau in Strasbourg, eastern France on January 6, 2026.
© AFP

Am englesche Futtball huet den FC Chelsea en Dënschdeg de Moie matgedeelt, datt de Liam Rosenior den neien Trainer vun de Blues ass. Den 41 Joer ale Britt huet beim aktuelle Club-Weltmeeschter e Kontrakt bis 2032 ënnerschriwwen an ersetzt domat den Enzo Maresca, deen op Neijoerschdag entlooss gouf.

Chelsea huet vun deenen aacht leschte Matcher nëmmen ee gewonnen a wäert dës Saison an der Premier League mat der aktueller 5. Plaz wuel kee Wuert méi ëm de Championstitel matschwätzen.

De Liam Rosenior war bis elo Trainer vum Racing Stroossbuerg, deen aktuell op der 7. Plaz an der Ligue 1 steet. En Dënschdeg de Moien hat hie schonn op enger Pressekonferenz beim franséischen Éischtligist Äddi gesot a säin nächste Schrëtt indirekt annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO