Futtball-Championnat DammenMamer an Ell gewannen hir éischt Matcher am Ofstigsgrupp

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war den Optakt vum Ofstigsgrupp am Championnat vum Dammefuttball.
© Val Wagner (Archiv)

Um 1. Spilldag ass Mamer senger Favoritteroll gerecht ginn a konnt sech souverän mat 4:0 géint Dikrech behaapten. Och Ell huet doheem näischt ubrenne gelooss a Käerjeng däitlech 6:2 geklappt.

De leschte Match vum 1. Spilldag tëscht der Entente WMH a Beetebuerg gëtt den 22. Abrëll nogeholl.

Den 22. Abrëll ass och den 1. Spilldag am Titelgrupp, an deem de Racing, Déifferdeng, Hesper a Jonglënster openeen treffen.


D’Resultater am Iwwerbléck

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO