Nom Aiman DardariMathias Olesen kritt en neien Trainer bei Greuther Fürth

Sam Rickal
E Méindeg hate sech d'"Kleeblätter" vum Thomas Kleine getrennt.
DANIEL KARMANN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
© DANIEL KARMANN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Kuerz drop huet Greuther Fürth de Successeur virgestallt. Den Heiko Vogel iwwerhëlt d’Ekipp aus der zweeter däitscher Bundesliga. De 50 Joer alen Trainer stoung virdrun ënner anerem bei Basel, Sturm Graz an der zweeter Ekipp vu Bayern München an der Responsabilitéit.

Domadder kritt nom Aiman Dardari och de Mathias Olesen en neien Trainer. No 14 Spilldeeg steet de 24 Joer jonke Lëtzebuerger Futtballnationalspiller mat Greuther Fürth mat 13 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell. De Mëttelfeldspiller huet dës Saison 11 Matcher am Championnat gespillt an huet eng Virlag opzeweisen. Donieft huet hien am 1. Tour vun der Coupe bei der 2:0-Victoire géint Blau-Weiß Lohne ee Gol markéiert. Ofgesi vun enger klenger Blessur am Oktober stoung den Olesen de Gros vun de Matcher vun Ufank un um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO