Manchester UnitedMichael Carrick iwwerhëlt bis Enn vun der Saison

Sam Rickal
Den Englänner gëtt domadder de Successeur vum Darren Flechter, deen d'Ekipp zwee Matcher als Interimstrainer betreit huet.
© Photo by NIGEL KEENE / PROSPORTSIMAGES / DPPI VIA AFP

Schonn 2021 souz de Michael Carrick fir 3 Matcher op der Trainerbänk vu Manchester United, fir déi hien och als Spiller 464 Matcher gespillt huet. Deemools huet hien interimsweis fir 3 Matcher d’Successioun vum Ole Gunnar Solskjaer iwwerholl. Den Norweger gouf och als Interimstrainer bis zum Enn vun der Saison gehandelt, déi Responsabel hu sech awer fir de Michael Carrick decidéiert.

Manchester United hat sech réischt d’lescht Woch vum Ruben Amorim getrennt. Du stoung den Darren Flechter fir 2 Matcher an der Responsabilitéit. D’Resultater sinn awer ausbliwwen. Am englesche Championnat huet ManU beim Zweetleschte Burnley nëmmen 2:2 gläich gespillt. An der Coupe huet ee sech dunn de Weekend 1:2 doheem géint Brighton misse geschloe ginn. An der Premier League steet den 20-fachen englesche Champion no 21 Spilldeeg mat 32 Punkten op der 7. Plaz an der Tabell a waart elo zanter 4 Matcher competitiounsiwwergräifend op eng weider Victoire. E Samschdeg kréien d’"Red Devils” am Manchester Derby Besuch vum Tabellenzweeten City. Duerno spillt Manchester United auswäerts bei Arsenal London.

Back to Top
CIM LOGO