Den internationale Futtball ass zeréck aus der Wanterpaus. En Dënschdeg an e Mëttwoch steet an der UEFA Champions League de 7. Spilldag um Programm. Bei der Partie Tottenham géint Dortmund kann een tabellaresch vun enger equilibréierter Affiche schwätzen. Béid Ekippen hu Stand elo 11 Punkten um Kont a wëlle sécherlech weider Punkte sammelen, fir de Playoff net mussen ze spillen. Sou gesäit dat och den FLF-President an RTL-Expert Paul Philipp.
“Eng Ekipp vun Dortmund, déi net ëmmer iwwerzeegt, déi awer op der zweeter Plaz sech gefestegt huet an der Bundesliga. Do geet et jo nach am Fong elo just ëm déi zweet Plaz respektiv ëm d’Qualifikatioun fir d’Champions League. Si hunn 11 Punkten an dëser Champions League an ech menge si hu grouss Chancen, et hänkt natierlech och vum Resultat géint Tottenham of, fir ënner déi 8 Éischt ze kommen, respektiv dann domadder de Playoff ze vermeiden.”
Bayern München ass géint d’Union Saint-Gilloise e Mëttwoch de grousse Favorit. D’Ekipp vum Trainer Vincent Kompany ass och no der Wanterpaus an excellenter Form. Dobäi kënnt, datt déi Laangzäit-Blesséiert Jamal Musiala an Alphonso Davies nees um Terrain stinn. Doduerch gëtt den däitsche Rekordchampion sécherlech net méi schlecht.
“Bei de Bayern ass de Mann vun der Saison bis elo de Michael Olise, dat ouni Zweifel. Mee wann do nach de Musiala dobäi kënnt, den Davies dobäi kënnt, de Kimmich ass de Weekend erakomm. Et ass schonn e Kader, mat där ee kann eng Champions League wannen oder zumindest zum enke Favorittekrees gehéieren.”
Manner gutt leeft et momentan bei Real Madrid. D’Kapitel Xabi Alonso ass zwar elo bei de Kinneklechen eriwwer, ma ënnert dem Interimstrainer Alvaro Arbeloa ass de Real d’lescht Woch an der spuenescher Coupe géint den Zweetligist Albacete eliminéiert ginn. Am Championnat gouf et zwar de Weekend eng 2:0-Victoire géint Levante, mee d’Lompe schéngen zu Madrid awer e bëssen ze sténken.
“Et ass ganz kloer, datt do eng riseg Kris ass. Mee si si scho ganz oft a Krisen zesumme gewuess. Also et däerf een och net de Feeler maachen a soen, datt de Real an dëser Champions League keng Chance méi huet, well d’Spiller si jo do. Mee d’Egoe si leider och do. Et ass de Moment just keng Ekipp. Dat huet natierlech och dem Xabi Alonso de Kapp kascht.”
Aktuell steet de Leandro Barreiro a Benfica Lissabon mat 6 Punkten op der 25. Plaz an der Tabell. Déi bescht 8 Ekippe sinn direkt fir d’Aachtelsfinall qualifizéiert. Vu Plaz 9 bis 24 gëtt e Playoff ëm d’Weiderkomme gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller a seng Ekipp mussen e Mëttwoch auswäerts bei Juventus Turin onbedéngt punkten, fir nach eng reell Chance ze hunn, fir sech fir de Playoff ze qualifizéieren. Um leschte Spilldag huet Benfica da Real Madrid bei sech op Besuch. Dem Leandro Barreiro säi Gol e Samschdeg géint Rio Ave gëtt dem 26 Joer ale Mëttelfeldspiller sécherlech Confiance.
Tottenham Hotspur géint Borussia Dortmund en Dënschdeg a Bayern München géint d’Union Saint Gilloise e Mëttwoch kënnt Dir wéi gewinnt vun 20.45 Auer u bei eis um RTL ZWEE a live am Stream op RTL.lu suivéieren.