E Méindeg de Moien huet d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp Revanche vun der 2:3-Defaite e Freideg geholl a sech am zweete Frëndschaftslännermatch géint Zypern mat 3:0 duerchgesat.
Schonn no véier Minutte waren d’Rout Léiwinnen a Féierung gaangen, nodeems eng schaarf Flank vun der Caroline Jorge an der Mëtt vun der zypriotescher Defenseuse an den eegene Gol ofgeleet gouf. An der 24. Minutt huet eng schéin Eenzelaktioun vun der Hannah Dietrich den 2:0 bruecht, wéi si hir Géigespillerin ausgespillt an de Ball héich an de laangen Eck gesat huet. Kuerz virun der Paus konnt dann nach duerch en änlech schéine Gol op 3:0 erhéicht ginn. No enger Pass mat der Hack huet de Ball de Wee bei d’Kimberley Dos Santos fonnt, déi dann och de laangen Eck uviséiert an der Golkipperin keng Chance gelooss huet.
Fir déi zweet Hallschent sinn dann d’Amy Thompson an och d’Kapitänin Laura Miller op den Terrain komm. Lëtzebuerg hat weider gréisstendeels d’Kontroll iwwert de Ball, krut sech awer net méi sou gutt Chancë wéi an der éischter Hallschent erausgespillt. E véierte Gol sollt also net méi geléngen, ma um Enn ass et bei der verdéngter 3:0-Victoire bliwwen.
Mat de Frëndschaftslännermatcher preparéiere sech d’Rout Léiwinnen op d’Nations League 2026. D’FLF-Damme kréie et am Grupp B4 mat Schottland, der Belsch an Israel ze dinn. D’Zil fir Miller, Thompson a Co. ass de Maintien. Dat dierft alles anescht wéi einfach ginn. D’Ekipp vum Dan Santos muss ënnert déi zwou bescht drëttplacéiert Ekippe kommen, fir ouni Play-Off an der Liga B vun der Nations League ze bleiwen.