Futtball-FrëndschaftslännermatchLëtzebuerger Damme verléieren 2:3 géint Zypern

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg treffe béid Ekippen nach emol openeen.
© RTL Symbolbild

Am Futtball huet d’Dammen-Nationalekipp e Freideg een Testmatch mat 2:3 auswäerts géint Zypern verluer. An der Paus stoung et 0:0 gläich. Déi Lëtzebuerger Goler hunn d’Amy Thompson an d’Rachel Kirps geschoss.

Lëtzebuerger Damme verléieren 2:3 géint Zypern
D’Rout Léiwinne preparéiere sech mat de Frëndschaftslännermatcher géint Zypern op d’Matcher an der Nations League 2026.

D’Rout Léiwinnen spillen e Méindeg eng weider Kéier géint Zypern. Um 10 Auer gëtt de Match ugepaff a gëtt op RTL.lu an RTL Play gestreamt.

Mat de Frëndschaftslännermatcher preparéiere sech d’Rout Léiwinnen op d’Nations League 2026. D’FLF-Damme kréie et am Grupp B4 mat Schottland, der Belsch an Israel ze dinn. D’Zil fir Miller, Thompson a Co. ass de Maintien. Dat dierft alles anescht wéi einfach ginn. D’Ekipp vum Dan Santos muss ënnert déi zwou bescht drëttplacéiert Ekippe kommen, fir ouni Play-Off an der Liga B vun der Nations League ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO