Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSeid Korac mat Virlag bei klorem Succès vu Venedeg

Ted Koob
Fir déi aner Lëtzebuerger, déi um Freideg a Samschdeg am Asaz ware, gouf et dogéint net vill ze feieren.
© MARCO ZAC NURPHOTO NURPHOTO VIA AFP 13092025

Venedeg bleift an der Serie B no engem klore 5:2 Succès zu Mantua weiderhin op der 2. Plaz an der Tabell. De Seid Korac gouf an der 65. Minutt agewiesselt an huet de 4:1 fir seng Ekipp virbereet. Venedeg huet ee Punkt Retard op den Tabelleleader Frosinone.

An der 2. Bundesliga gouf et en 0:0 tëscht Greuther Fürth a Braunschweig, obwuel d’Heemekipp no enger rouder Kaart an der 3. Minutt quasi de ganze Match an Ënnerzuel gespillt huet. De Mathias Olesen souz déi 90 Minutten op der Bänk, den Aiman Dardari gouf an der 92. Minutt agewiesselt. Fürth bleift um Wupp vun der Tabell an huet e Réckstand vu 4 Punkten op eng Net-Ofstigsplaz.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

A Saudi-Arabien gouf et en 0:0-Remis tëscht Al Khaleej an Al Shabab. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoen a blouf ouni Géigegol, obwuel een déi lescht 22 Minutten an Ënnerzuel gespillt huet.

Bei der 1:4-Néierlag vu Winterthur zu Lugano stoung de Marvin Martins net am Kader vun de Gäscht.

Freideg

An der 1. Bundesliga gouf um Freideg den Derby zu Hamburg tëscht St. Pauli an dem HSV gespillt. Et war eng zéi Partie, déi um Enn ouni Goler ausgoung. Den Danel Sinani gouf an der 65. Minutt agewiesselt an hat an der 79. Minutt déi bescht Geleeënheet fir d’Heemekipp.

An der Ligue 2 a Frankräich gouf et déi nächst Néierlag fir Bastia géint Montpellier. Um Enn stoung et 0:2. De Florian Bohnert stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 73. Minutt ausgewiesselt. Bastia bleift op der leschter Plaz an der Tabell an huet 6 Punkte Réckstand op d’Net-Ofstigsplazen.

Back to Top
CIM LOGO