Europa LeagueStuttgart an Aston Villa mat Victoiren, Lyon verdeedegt Tabelleféierung

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend stoung am Futtball de 6. Spilldag vun der Europa League um Programm.
© THOMAS KIENZLE / AFP

Am fréien Owend konnt Stuttgart sech erwaart souverän mat 4:1 géint Maccabi Tel Aviv duerchsetzen. De VfB huet d’Spillkontroll vun der éischter Minutt un iwwerholl, beim Erausspille vu Chancen huet ee sech awer méi schwéier gedoen. No 24 Minutten huet den Assignon seng Faarwe mat der éischter richteger Geleeënheet vum Match per Volley a Féierung bruecht. E puer Minutten drop huet den Tomas no enger schéiner Stuttgarter Kombinatioun op 2:0 erhéicht. Kuerz no der Paus huet de Mittelstädt aus 11 Meter d’Nerve behalen an den drëtte Gol fir de VfB markéiert, ma d’Gäscht aus Israel hu sech net opginn an haten a Persoun vum Revivo direkt eng Äntwert parat. Si haten an der Suite nach eng gutt Occasioun, dunn huet d’Lokalekipp de Match awer berouegt an esou net méi vill ubrenne gelooss. De Vagnoman huet an der Nospillzäit per Kapp fir d’Endresultat gesuergt. Stuttgart klëmmt domat op déi 9. Plaz vu 36. D’Topp 8 sinn direkt fir d’Aachtelsfinalle qualifizéiert, wärend d’Ekippen op de Plazen 9-24 virdru Playoffs spille mussen.

Nodeems Aston Villa e Samschdeg nach den engleschen Tabelleleader Arsenal geklappt hat, huet ee sech zu Basel mat enger Rei Verännerungen an der Startformatioun schwéier gedoen. Trotz der englescher Féierung duerch de Guessand huet Basel gutt matgehalen a konnt no enger gudder hallwer Stonn duerch den Daniliuc den 1:1 markéieren. Kuerz nom Säitewiessel huet den agewiesselten Tielemans mat engem prezisen Ofschloss aus 16 Meter den 2:1 fir d’Villans geschoss, a bei deem Score sollt et an enger Partie mat wéinege geféierlechen Aktiounen a béide Strofraim bis zum Schluss bleiwen. Aston Villa bleift domat op der 3. Plaz, wärend d’Schwäizer aus den Topp 24 falen an elo op der 26. Plaz leien.

De Leader Lyon huet déi éischt Positioun mat enger 2:1-Victoire géint d’Go Ahead Eagles aus Holland verdeedegt. An enger animéierter Ufanksphas huet de Moreira schonn no 3 Minutte fir d’Fransouse getraff, d’Gäscht hunn awer direkt dono duerch de Smit egaliséiert. Ma keng 5 Minutten drop louch de Ball nees am Gol vun den Hollänner, nodeems de Sulc de Ball no engem Feeler vum Golkipp just nach huet missen iwwert d’Linn drécken. No deem Ufank ass béiden Ekippen awer am leschten Drëttel just nach wéineg agefall, soudass et ee knappen, awer verdéngte Succès fir d’Lokalekipp gouf.

Et ass weider eng schwiereg Europa-League-Campagne fir Celtic Glasgow, déi och géint d’AS Roum keng Punkten a Schottland hale konnten. Schonn an der 6. Spillminutt huet de Scales mat engem Selbstgol ongewollt den 1:0 fir d’Réimer geschoss. An der Suite war et ee relativ ausgeglachene Match, mat zwee Goler bannent 10 Minutten huet de Ferguson awer nach virun der Paus fir d’Virentscheedung gesuergt. Direkt virun der Halbzeit huet den Engels och nach en Eelefmeter fir d’Schotten net verwandele kënnen. Um Enn heescht et domat 0:3, woumat Roum op déi 10. Tabelleplaz spréngt. Celtic läit domat op der 24. Plaz an ass deemno an den nächste Matcher gefuerdert.


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.

D’Matcher vun 18.45 Auer:

Ferencvaros - Glasgow Rangers 2:1

Stuttgart - Maccabi Tel Aviv 4:1

Nice - Braga 0:1

Midtjylland - Genk 1:0

Sturm Graz - Roude Stär Belgrad 0:1

Dinamo Zagreb - Betis Sevilla 1:3

Utrecht - Nottingham Forest 1:2

Ludogorez Razgrad - PAOK Thessaloniki 3:3

Young Boys Bern - Lille 1:0

D’Matcher vun 21 Auer:

Celta Vigo - Bologna

Basel - Aston Villa 1:2

Celtic Glasgow - AS Roum 0:3

Freiburg - Salzburg 1:0

Porto - Malmö 2:1

Panathinaikos - Viktoria Pilsen 0:0

Brann Bergen - Fenerbahce 0:4

Lyon - Go Ahead Eagles 2:1

FCSB Bukarest - Feyenoord 4:3

Back to Top
CIM LOGO