Den Iwwerbléck vum internationale FuttballInter Miami wënnt den MLS Cup, Leader Arsenal verléiert a leschter Sekonn

Jeff Birsens
Am internationale Futtballchampionnat huet Inter Miami sech am MLS Cup mat 3:1 géint d'Vancouver Whitecaps duerchgesat.
FORT LAUDERDALE, FLORIDA - DECEMBER 06: Lionel Messi #10 of Inter Miami CF celebrates winning the Audi 2025 MLS Cup Final match between Inter Miami CF and Vancouver Whitecaps FC at Chase Stadium on December 06, 2025 in Fort Lauderdale, Florida. Rich Storry/Getty Images/AFP (Photo by Rich Storry / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
FORT LAUDERDALE, FLORIDA - DECEMBER 06: Lionel Messi #10 of Inter Miami CF celebrates winning the Audi 2025 MLS Cup Final match between Inter Miami CF and Vancouver Whitecaps FC at Chase Stadium on December 06, 2025 in Fort Lauderdale, Florida. Rich Storry/Getty Images/AFP (Photo by Rich Storry / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Arsenal, den Tabelleleader aus der Premier League, huet sech e Samschdeg a leschter Sekonn misse mat 1:2 géint Aston Villa geschloe ginn, deen doduerch op dräi Punkten un d’Spëtzt eru réckelt. Dovu profitéiert huet och Manchester City, deen duerch eng Victoire géint Sunderland elo nees just zwee Punkten hannert Arsenal steet. A Spuenien ass et Villarreal iwwerdeems gelongen, déi drëtt Tabelleplaz direkt hannert Real Madrid a Barcelona ze festegen.

An der Major League Soccer (MLS) war e Samschdeg den Owend dann nach de sougenannten MLS Cup, wou béid Gewënner aus der Eastern an der Western Conference openeegetraff sinn. Dobäi huet Inter Miami mam Lionel Messi sech mat 3:1 géint d’Vancouver Whitecaps duerchgesat, bei deenen zanter dëser Saison den Thomas Müller ënner Kontrakt steet. Fir Inter Miami ass et den éischten MLS-Cup-Titel an der Veräinsgeschicht.

An der Bundesliga krut St. Pauli duerch eng Virlag vum Danel Sinani déi 10. Defaite hannertenee verhënnert.

MLS Cup

Inter Miami - Vancouver Whitecaps 3:1
1:0 Ocampo (8'), 1:1 Ahmed (60'), 2:1 de Paul (71'), 3:1

Am Chase Stadium zu Fort Lauderdale ass Vancouver duerch e Selbstgol fréi a Réckstand geroden. Duerno ware si awer gréisstendeels déi besser Ekipp, sou datt et mat enger liicht glécklecher Féierung fir Miami an d’Paus gaangen ass. Eng véierel Stonn nom Säitewiessel krute sech d’Whitecaps da fir hir Beméiunge mam verdéngten 1:1 belount. Elo huet et sou ausgesinn, wéi wa Vancouver de Match ganz dréine géif. Kuerz nom 1:1 sollte de Ball awer nom Schoss vum Sabbi zwee Mol op de Potto goen. Op der anerer Säit ass dann awer Miami den 2:1 duerch den de Paul no Viraarbecht vum Messi gelongen. Mam 3:1 an der 96. Minutt war dann alles kloer a Miami konnt am leschte Match an der Karriär vum Sergio Busquets an Jordi Alba de Succès vum MLS Cup feieren.

Premier League

Aston Villa - Arsenal 2:1
1:0 Cash (36'), 1:1 Trossard (52'), 2:1 Buendia (90+6')

Aston Villa huet sech a leschter Zäit immens formstaark gewisen an ass elo och de grousse Coup beim Tabelleleader gelongen. Virun den eegene Spectateure war Villa duerch de Matthew Cash no enger gudder hallwer Stonn a Féierung gaangen a konnt dës an enger ausgeglachener Partie och mat an d’Paus huelen. Nom Säitewiessel huet Arsenal dann direkt Drock gemaach an huet sech dann och zimmlech séier mam 1:1 duerch de Leandro Trossard belount. Fir de Rescht vun der Partie war et dann een intensive Match op Aenhéicht, an deem sech béid Ekippen op d’mannst nach ee Gol verdéngt hätten. Dat néidegt Gléck sollt kuerz viru Schluss dann den Emilia Buendia hunn, dee mat sengem Gol an der 95. Minutt fir d’Decisioun gesuergt huet.

Manchester City - Sunderland 3:0
1:0 Ruben Dias (31'), 2:0 Gvardiol (35'), 3:0 Foden (65')

Manchester City huet vum Ausrutscher vun Arsenal profitéiert a réckelt duerch eng verdéngte Victoire doheem géint Sunderland nees op zwee Punkten un d’Tabellespëtzt erun. No de Goler vu béiden Defenseure Ruben Dias a Josko Gvardiol war et no 45 Minutte mat enger 2:0-Féierung an d’Vestiaire gaangen. Och no der Paus war City weider déi besser Ekipp a spéitstens mam 3:0 duerch de Phil Foden war kloer, datt si sech déi dräi Punkten net méi géifen huele loossen.

Bournemouth - Chelsea 0:0

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Florenz 3:1
0:1 Mandragora (9'), 1:1 Volpato (13'), 2:1 Muharemovic (45+1'), 3:1 Koné (65')

Inter Mailand - Como (18.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nantes - Lens 1:2
0:1 Thauvin (34'), 1:1 El-Arabi (38'), 1:2 Said (81')

Toulouse - Stroossbuerg 1:0
1:0 Emersonn (18')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Villarreal - Getafe 2:0
1:0 Buchanan (45+5'), 2:0 Mikautadze (64')

Mat enger 2:0-Victoire géint Getafe huet Villarreal seng drëtt Plaz an der spuenescher La Liga gefestegt. Kuerz virun der Paus war d’Lokalekipp duerch ee Gol vum Tajon Buchanan a Féierung gaangen a konnt no der Paus am Numm vum Georges Mikautadze noleeën. De Gäscht war et trotz dem Réckstand net méi gelongen, offensiv zu Chancen ze kommen, sou datt Villarreal sech um Enn déi dräi Punkte verdéngt séchere konnt.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO