Virschau Handballsaison bei den HärenDéifferdeng start Missioun Triplé

Yannick Glod
Serge Olmo
Wat d'Titeluspréch ugeet, bleift an der neier Saison wuel alles beim alen: e Quartett mécht sech Hoffnungen. Am ënneschten Deel vun der Tabell wëllen Dikrech a Rëmeleng net "the same procedure as every year".
Déifferdeng konnt am Mee den zéngte Meeschtertitel feieren.
© Serge Olmo

Nom Startschoss vun der neier Saison de leschte Weekend flitt de Ball nees duerch d'Lëtzebuerger Halen. An domat heescht et: Alles Guddes am neien Handball-Joer. Dës Saison huet d'FLH d'Spillpläng vun den Damme wéi den Hären un déi international Kompetitiounen ugepasst, fir Kollisiounen ze verhënneren. Dohier kënnt et zu méi laange Pause wéi gewinnt.

An der leschter Saison hate sech mat Déifferdeng, Diddeleng a Bierchem dräi Ekippe laang ëm den Titel gestridden, um Enn haten d'Red Boys dat bessert Enn fir sech. Den zweeten Titel hannertenee war opgrond vu konstante Resultater verdéngt. Si striewen och dës Saison e weideren Titel un an erëm wäerte wuel Diddeleng a Bierchem déi gréisst Konkurrente sinn; mee de Coupgewënner Esch dierf een ni ofschreiwen.

Opgrond vum spillereschen Ongläichgewiicht tëschent den aacht Ekippe wäert sech wuel op en Neits eng Zwou-Klasse-Gesellschaft entwéckelen. An trotzdeem striewe Käerjeng, de Standard, Dikrech a Rëmeleng net just Punkte géint déi direkt Konkurrenten, mee och déi eng oder aner Iwwerraschung un. Fir eebe grad net an d'Relegatioun ze mussen.

Virschau op d'Handball-Saison 2026-2027

E Quartett ass bereet fir den Titel

Am Supercup Enn August huet d'Déifferdenger Red Boys direkt nees gewisen, dass de Wee zum Meeschtertitel nëmmen iwwer si goe wäert. Den zéngfache Champion huet sech mat dräi Neizougäng Peltier, Moualek a Lucas Goedert verstäerkt. Dat freet den Trainer Marc Breser, deen elo méi Optiounen am Réckraum huet. Den Eledy Semedo ass no senger Blessur nach net fit a wäert bis op Weideres als Co-Trainer hëllefen.

Am Verglach zur leschter Saison hëlt Déifferdeng d'Roll vum Favorit un. Dem Marc Breser seng Opfaassung ass: "Mir spillen, fir en Titel ze gewannen. Soss géife mir net op den Terrain goen." Den eenzege Bemol vun der leschter Saison wär, dass an der Coupe schonn an der Véierelsfinall Endstatioun war. Dat wéilt een dëst Joer besser maachen.

Méi wéi keen anere Veräi verlaangert den HB Diddeleng no engem Titel. D'lescht Saison stoung ee souzesoen an zwou Finallen a gouf um Enn awer just Zweeten. Dat wuermt den Trainer Dusko Bilanovic natierlech. Mee Diddeleng géif senger Philosophie, op jonk Lëtzebuerger ze setzen, trei bleiwen. Seng Spiller missten de Qualitéitsënnerscheed zu aneren Ekippe mat haarder Aarbecht guttmaachen.

Dës Saison wëll de Bilanovic nees ugräifen an den éischten Titel zënter iwwer zéng Joer an d'Forge du Sud bréngen: "Mir ginn erëm Gas, fir en Titel op Diddeleng ze bréngen". Ob a wéini den Ojié Etute bei dëser Missioun hëllefe kann, steet nach net fest. Hie laboréiert zënter Januar un enger Blessur un der Schëller a krut iwwer de Summer Zäit, fir dës auszekuréieren. "Just wann den Ojié toppfit a schmerzfräi ass, hu mir de richtegen Ojié". Zesumme mat sengem Brudder Itua ass den Nationalspiller d'Gerüst vum HBD, d'Ofhängegkeet vun hinnen am Spill soll awer reduzéiert ginn.

Mam Martin Hummel iwwerhëlt en neit, awer kënnegt Gesiicht d'Traineramt beim HC Bierchem. Viru gutt 20 Joer war hie schonn als Spiller do aktiv gewiescht. Trotz senger spéider Verflichtung hat hie Geleeënheet, bei den Transferten e Wuert matzeschwätzen. Mam Ofgang vum Slobodan Evracanin huet e wichtege Spiller d'Réiserbänner verlooss.

Bis op de Ben Weyer huet de Martin Hummel keng Laangzäitblesséierter ze bekloen. Wéini den Nationalspiller nees um Terrain steet, ass nach net kloer. Et wéilt een op alle Fall kee Risiko agoen.

Den neien Trainer wëll eng änlech Spillphilosophie wéi zu Diddeleng ëmsetzen: aus enger stabiller Verteidegung eraus séier no vir spillen. De Raphael Guden, de beschte Buteur vun der leschter Saison, soll awer entlaascht ginn. Op d'Ziler vun der Saison ugeschwat, sot den Hummel, hie géing ëmmer an eng Saison goen, "fir ëm Titele matzespillen a mindestens een ze gewannen".

Beim HB Esch ass ee mat de Resultater vun der leschter Saison zefridden. Nieft dem zéngte Coupegewënn zënter der Fusioun konnt een déi grouss Ekippen iergeren, ausser d'Red Boys. Dat wéilt een dës Saison besser maachen, sot den Trainer Rajko Milosevic, deen zënter "eelef Joer Schwaarz a Wäiss" ass.

Mam Luis Cabral begréissen d'Escher just een externen Neizougang, de Rescht gëtt aus der U21, déi lescht Saison Champion gouf, an der zweeter Ekipp eropgezunn. Hien hätt "gutt jonk Spiller" a sengem Kader, mee si misste sech elo beweisen. An hien hätt elo de "Luxus vun der Rotatioun".

De Rajko Milosevic, deen eigentlech Golkippstrainer ass, geet a seng drëtt Saison als Chefcoach vum HBE. Vläicht och well hien e "Perfektionist" ass a seng Spiller kennt, seet hien: "Mir hunn d'Qualitéit, fir d'Meeschterschaft ze gewannen. Mee mir brauche vill Gléck". D'Erreeche vum Final4 wär och en Zil. De gebiertege Serb gesäit och d'Verflichtung vum Michel Scheuren als Jugendkoordinator als wichtege Schratt fir de Veräin.

"Same procedure as every year" an der zweeter Tabellenhallschent?

Spéitstens zënter der leschter Saison ass d'Axa League kloer an zwou Hallschente gedeelt: véier Ekippe spillen ëm den Titel, véier Ekippe kämpfen ëm de Verbleif an der héchster nationaler Spillklass. Och wa Käerjeng an de Standard an der leschter Saison heiansdo mol fir eng Iwwerraschung gesuergt haten (ë.a. Bierchem aus der Titelcourse gehäit), waren d'Resultater dacks däitlech.

No enger schwiereger Saison soll mam Pascal Schuster en alen Hues den HB Käerjeng nees a méi rouegt Gewässer féieren. E groussen Ëmbroch wéi lescht Joer gouf et dës Kéier net, an awer ginn d'Ofgäng gréisstendeels mat Spiller aus der eegener Jugend kompenséiert. Do kéint hien op seng Erfarung als laangjärege Jugendtrainer zeréckgräifen, mengt de Pascal Schuster. Och erfuere Spiller wéi Jokic, Kouni an Tironzelli, dee vun der Uni zeréck ass a souguer um Ziedel den neien Nationaltrainer Didier Dinart steet, hëllefen dobäi.

Zil wär et, an de Playoff ze kommen an et "net op de leschte Match ukommen [ze] loossen". Bei engem gudde Lous wär och de Retour an de Final4 méiglech. De Schuster ass iwwerzeegt, dass säin 21 Mann grousse Kader "méi Potenzial huet wéi lescht Saison". Hie géing op alle Fall "net op den Terrain, fir Sport loisir ze maachen".

Och wa grouss Deeler vun der Ekipp zejoert bleiwen, steet dem HC Standard warscheinlech eng méi schwiereg Saison bevir. Mam Luca Kremer steet eng wichteg Stäip aus beruffleche Grënn just nach bis Oktober/November zur Verfügung. "Dat ass eng immens grouss Perte", sot d'Presidentin Diane Weimischkirch. Och am Réckraum huet ee mam Raphael Kali e schossgewaltege Spiller verluer. Des Weideren ass de Steve Massard-Chenet no senger schwéierer Blessur an der Coupe-Halleffinall nach net asazbereet.

Als Verstäerkung konnten d'Stater awer e groussen Numm u Land zéien. Mam Nicolas Desbonnet, dem Brudder vum franséischen Nationalgolkipp Rémy Desbonnet, kënnt en erfuerene Beachhandballer als Bandspiller. Zil vum Lucas Duane senger Ekipp wier et awer, uewen ze bleiwen.

D'Esperance Rëmeleng, déi sech selwer "Hornets" (Lëtz. Runnen) nennen, huet sech mat zéng Victoiren an null Néierlagen an der Relegatioun nees fir d'Axa League qualifizéiert. Fir dass "de klengste Fësch am Baseng" (budgetsméisseg gesinn) net nees dat selwecht Schicksal erleit, hat een an der Preparatioun vill Matcher géint international Géigner an och e Stage am Elsass.

Dem Trainer Yves Braconnier bréngen d'Neizougäng Raphael Kali, Timm Reinert a Benny Ewald méi Rotatiounsméiglechkeeten. Hie gesäit Rëmeleng als Opfaangbaseng fir Spiller, déi anzwousch anescht net hir Chance kréien. Den David Pfiffer huet sech zu enger wichteger Stäip entwéckelt a bleift de Minetter erhalen. Op d'Ziler ugeschwat, sot den Trainer, hien hätt geléiert an et misst ee méi realistesch sinn. Et wéilt een et awer scho gär eng Kéier packen, "fir eis eng Kéier dat ganzt Joer iwwer mat deene Groussen ze moossen".

Dass de Chev Dikrech d'lescht Saison net u seng Ziler erukoum, huet den Trainer Blagojce Krstev domat begrënnt, dass reegelméisseg véier bis fënnef Stammspiller blesséiert waren. Et hätt ee wuel verschiddenen Ekippen d'Liewe schwéier gemaach, an awer wier hie vun der Saison "enttäuscht". Fir dës Spillzäit hält hie sech dowéinst och mat groussen Annoncen zeréck.

Fir Iwwerraschunge géint déi iewescht Ekippe bräicht et e méi breede Kader. Bis op de Fynn Elcherot an de Fernando Mendes als Ersatz fir de Sascha Marzadori wäre keng Spiller bäikomm. Natierlech géif een "all Spill als Endspill" ugesinn a Plaz 6 als Zil hunn, well seng Spiller "si sat vum Playdown". "Am Playdown kann ee sech net weiderentwéckelen", seet den Trainer.

Ausbléck an Aschätzung

D'lescht Saison war Déifferdeng schonn zwee Spilldeeg viru Schluss Champion, dës Spillzäit dierf et roueg sou spannend gi wéi 2024/25, wou den Titel eréischt am leschte Match vergi gouf.

Et kann ee festhalen, dass d'Red Boys op der Missioun Triplé ass – an dat am duebele Sënn. Et wëll een den drëtten Titel noenee feieren an och sinn nom Gewënn vum Supercup nees dräi Titelen an enger Saison méiglech. Déi Rout wäerte selwer entscheeden, ob a wie géint si eng Chance huet. Si kënne sech nëmme selwer e Bee stellen.

Den net gestëllten Honger op den éischten Titel zënter 2015 ass Diddeleng unzemierken an d'Fiiss sinn op en Neits prett fir d'Titeljuegd. Wann d'Ofhängegkeet am Spill vun den Etute-Bridder reduzéiert gi kann an d'Ekipp a wichtege Momenter d'Rou behält, kann d'Glëscht sécherlech gestëllt ginn.

Et dierf ee gespaant sinn, wéi séier Bierchem d'Spillkonzept vum neien Trainer ëmsetze wäert. Vum Kader hier sinn d'Réiserbänner wéi schonn déi lescht dräi Saisonen ëmmer fir en Titel gutt.

Esch lieft vu sengem Ekippegeescht an dem Glawen, iwwer sech eraus ze wuessen. Domat kënnen déi Schwaarz-Wäiss fir Iwwerraschunge suergen, wéi an der Coupe oder vereenzelte Championnatsmatcher d'lescht Saison geschitt. Wann de Perfektionist Rajko Milosevic Recht behale sollt, kann Esch de Meeschtertitel ugräifen. Wann net, wäerte si sécher nees de Kinneksmécher sinn.

An der zweeter Tabellenhallschent dierf ee gespaant sinn, ob Käerjeng, Standard, Rëmeleng an Dikrech eng Weiderentwécklung vollzéie kënnen oder et beim Null-Schratt bleift. Der Spannung an der Ofwiesslung hallwer wär et der Liga an de Spectateuren ze wënschen.

Ëmfro: Wie gesitt Dir als nächste Champion?

D'Matcher vum Handball-Championnat kënnt Dir och dës Saison nees an der RTL Live Arena um RTL Play kucken an op RTL.lu fannt Dir all d'Resultater.

Back to Top
CIM LOGO