Handball: Final4 vun der CoupeEsch feiert 10. Coupegewënn zënter der Fusioun

Yannick Glod
Diddeleng muss nom 27:28 weider op den éischte Coupgewënn zënter 2013 waarden. Esch konnt eng weider Kéier seng Qualitéiten an der Coupe ënner Beweis stellen.
© Cliff Block

Et war déi 25. Coupefinall, déi am Gymnase vun der Coque ausgedroe gouf an Esch hat déi 10 Kéier de méi glécklechen Ausgang op senger Säit. Insgesamt geet d'Coupe déi 34. Kéier op Esch. Fir den HBE war et déi 17. Participatioun un enger Finall zënter der Fusioun tëscht der Fraternelle an der Fola am Joer 2001. Et war awer eréischt déi zweet Kéier, dass déi Schwaarz-Wäiss an all deene Joren op Diddeleng getraff waren. Den HBD muss no der verluerener Finall 2025 weider op den éischte Coupegewënn zënter 2013 waarden.

Et war och e Match mat enger Virgeschicht. Am Championnat musst no der Decisioun vun der CLAS e Fräiworf tëscht béiden Ekippen aus dem September 2025 widderholl ginn. Et war déi lescht Coupefinall fir d'Arbitterkoppel Linster/Rauchs, déi no der Saison e Schlussstréch ënnert hir national an international Karriär setze wäert.

HB Diddeleng vs HB Esch 27:28 (11:15)

Béid Ekippe waren am Ufank héijen Tempo gaangen, mee et sollten net vill Goler falen. No 10 Minutte ware just 5 Goler gefall (3:2 fir Esch). Dat louch virun allem u béide Golkipper. Den Hugo Costa Figueira an de Mika Herrmann konnte bis dohi jeeweils 3 Parade verbuchen.

Den Trainer Rajko Milosevic hat seng Defense gutt op de Géigner agestallt. Si huet Diddeleng net zu sengem gewinnte Spill komme gelooss. De Bob Kirsch huet a beschter Domagoj-Duvnjak-Manéier op der Spëtzt mat senge laangen Äerm vill Bäll ofgefaangen an doduerch Konterattacke lancéiert. Esch huet dovu profitéiert a konnt an der 18. Minutt eng éischt Kéier op 3 Goler ewechzéien, an der 25. Minutt souguer op 4 Goler ausbauen. Och well den Herrmann am Gol net méi vill Bäll ze pake krut. Dëse Virsprong hu si mat an d'Paus geholl.

D'Stëmmung am Gymnase vun der Coque war immens gutt. 1.300 Spectateuren hunn hir jeeweileg Ekipp no vir gedriwwen an hate vläicht och en Undeel un der Schnellegkeet vum Match. No 20 Minutte musste sech béid Ekippen e bëssen erblosen, fir temporäich lescht 60 Sekonnen. No engem 13:9 stoung et beim Gang an d'Kabinne 15:11 fir Esch.

Diddeleng war mat Honnert à l'heure aus der Paus komm a koum mat engem 3:0-Laf an den éischte 5 Minutten op ee Gol erun. Esch war wuel e bësse beandrockt vum Diddelenger Äifer a krut säi Spill net méi richteg opgezunn. Si hunn ongewinnt Feeler gemaach a sou konnt Diddeleng no 40 Minutten ausgläichen (19:19) a kuerz drop déi éischt Féierung iwwerhaapt verbuchen (20:19). Duerno hu sech béid Säiten bis an d'Crunchtime en haarde Kampf gebueden.

Mat engem 3:0-Laf ab der 56. Minutt konnt Esch den decisiven Ecart maachen. Trotz der Disqualifikatioun no Videobeweis fir den Escher Luca Tomassini konnt de Rekord-Coupegewënner de Virsprong iwwer d'Zäit bréngen. An enger hëtzeger an hektescher Schlussphas koum Diddeleng wuel nach eng Kéier op ee Gol erun, mee de leschte Worf sollt näischt abréngen. Duerno si beim HBE all d'Dämm gebrach an d'Freed war grouss. Wéi schonn an der Halleffinall konnt den Escher Golkipp Hugo Costa Figueira eng Rëtsch Parade (12) weisen a gouf zum MVP vum Match gewielt.

Am Virfeld vun der Finall gouf en Demonstratiounsmatch vum Rollstullhandball tëscht den Diddelenger Fox Riders an der belscher Ekipp Cap2Sport organiséiert. D'Ekippe bestinn zu jee 50 Prozent aus Personnes à mobilité réduite (PMR) an Net-PMRen. An den Ekippe si souwuel Männer wéi Fraen dobäi an et muss ëmmer eng Fra um Terrain sinn. D'Fox Riders hunn de Match mat 7:18 verluer.

© Screenshot

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Back to Top
CIM LOGO