
Am leschte Match vun der Saison huet Déifferdeng seng Qualitéiten nach eng Kéier ënner Beweis gestallt. Diddeleng huet de Fernduell mat Bierchem ëm d'Vizemeeschterschaft fir sech entscheet, och well béid Ekippe verluer hunn.
An der Endofrechnung koum et fir Diddeleng net just op deen ee verluerene Match géint Esch am September un. Dëse Match hat jo e juristescht Nospill a war mat enger historescher Decisioun vun der CLAS op en Enn gaangen: d'Widderhuelung vum leschte Fräiworf - en eenzegaartegt Virkommes an der Handballwelt.
Am leschte Match vun der Saison huet d'Red Boys Déifferdeng um Enn däitlech géint den HB Diddeleng gewonnen a seng Qualitéiten an dëser Saison nach eng Kéier ënner Beweis gestallt. Dobäi hat et an der éischter Hallschent ausgesinn, wéi wann Diddeleng d'Déifferdenger Meeschterfeier crashe kéint. Déifferdeng gewënnt de leschte Match 36:28.
Am Ufank hat ee béiden Ekippen ugemierkt, dass et net méi ëm vill goung. Virun allem am Déifferdenger Spill war an der éischter Véierelstonn wéineg Spillfloss a Kampfgeescht ze erkennen. Diddeleng dogéint huet seng Chancë genotzt. Dat huet een och um Spillstand gemierkt; den HBD hat eng maximal Avance vu 6 Goler (7:13). No engem Timeout hunn déi Rout sech eng Kéier gerëselt a koume bis an d'Paus nees op 3 Goler erun. De Spillstand vun 20:17 an der Paus weist, dass d'Verteidegen am am éischten Duerchgang net déi héchst Prioritéit vu béiden Ekippe war.
Nom Säitewiessel huet Déifferdeng e ganz anert Gesiicht gewisen a stoung an der Defense, wéi déi ganz Saison iwwer, méi kompakt a konnt och op eng besser Golkipperleeschtung bauen. Diddeleng huet an der zweeter Hallschent komplett de Fuedem verluer an an 30 Minutte just nach 8 Goler geschoss.
An der 40. Minutt konnt den alen an neie Champion fir d'éischt ausgläichen an huet duerno einfach mam Golerschéisse weidergemaach. Déi maximal Avance louch bei 7 Goler (34:27). Diddeleng huet sech an de leschte Minutte sengem Schicksal erginn an domat och déi éischt Néierlag an dëser Saison géint Déifferdeng kasséiert. Bis dohi goufen et dräi Gläichspiller an eng Néierlag an der Véierelsfinall vun der Coupe.
Nom Ofpëff kruten d'Déifferdenger d'Medailen an d'Meeschtertrophée iwwerreecht an et duerft gefeiert ginn. Et ass hiren 10. Meeschtertitel. Den aktuelle Co-Trainer Martin Hummel verléisst d'Red Boys a gëtt Trainer am Réiserbann.

Am Kader vun dësem Match gouf ee gewuer, dass de Stéphane Mina och déi nächst Saison op der Trainerbänk vun der Déifferdenger Dammenekipp stoe wäert. Hien hat dës Funktioun schonn nom Récktrëtt vum Michel Scheuren interimsméisseg iwwerholl. De Kontrakt vun der Golkippesch Charlène Servant gouf net verlängert. Vläicht spillt do och d'Aktioun no der verluerener Coupefinall eng Roll, wéi d'Servant sech fir d'éischt mat den Arbitteren ugeluecht an uschléissend sech och mat dem eegene Public an d'Hoer kritt hat. Et wäert op alle Fall schwéier ginn, dës staark Golkippesch ze ersetzen.
Beim Abschid vum Trainer Marko Stupar no fënnef Saisonen als Cheftrainer huet Bierchem sech erstaunlech schwéier gedoe géint Esch. No 60 Minutte stoung et 41:35 fir de Coupegewënner. De Stupar wëll elo mol ee Joer Paus maachen a méi Zäit mat fir d'Famill hunn, wär bei engem interessante Projet awer oppen, fir nees op d'Trainerbänk zeréckzekommen.
Déi éischt Hallschent hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Esch konnt no ongeféier 15 Minutten a Féierung goen an huet dëse Virdeel bis zum Schluss net méi ofginn. Nodeems et an der Paus 19:18 zu Gonschte vun de Gäscht stoung, huet Esch tëscht der 33. an 43. Minutt den decisiven Ecart gemaach. An dëser Phas krut Bierchem e 4:9-Laf géint sech. Och duerno huet Esch net opgehal mat Handballspillen a konnt d'Avance op maximal 10 Goler (25:35) ausbauen.
Ënnert der Woch hunn d'Réiserbänner bekannt ginn, dass de Raphael Guden säi Vertrag fir zwou weider Saisone verlängert huet.
Den HB Käerjeng huet och den zweete Match am Playoff géint den HC Standard gewonnen an domat eng schwéier Saison mat enger Victoire ofgeschloss. Am Abrëll hat ee sech jo vum Trainer Ben Schuster getrennt. De Standard huet am Playoff all Match verluer. Am leschte Match stoung et 30:35 aus der Siicht vun de Stater.
Käerjeng huet e Freideg op de Sozialen Netzwierker matgedeelt, mam Pascal Schuster en neien Trainer fir d'Hären-Ekipp fonnt ze hunn. De fréieren Nationalspiller bréngt laangjäreg Erfarung als Cheftrainer vum HB Diddeleng an HBC Schëffleng souwéi als Co-Trainer beim HB Esch (2021 bis 2023) mat. Et ass déi éischt Trainerstatioun fir de Schuster zënter dräi Joer.
D'lëtzebuergesch Vertrieder am European Cup stounge scho virum leschte Spilldag fest: Esch als Coupegewënner, de Champion Déifferdeng an Diddeleng a Bierchem als Tabellenzweete respektiv -drëtten. Et ass déi selwecht Konstellatioun wéi schonn déi zwou Saisone virdrun. Bei den Damme sinn et op en Neits de Champion Diddeleng, de Coupegewënner Käerjeng an den Tabellendrëtten Déifferdeng. Och schonn déi drëtt Saison hannerteneen.
An der Relegatioun huet Rëmeleng seng perfekt Serie komplettéiert an och de leschte Match géint Dikrech 32:30 gewonnen. Et war den decisive Match, wien d'Relegatioun als Éischten ofschléisse géif. Virum Match stoung scho fest, dass béid Ekippen nächst Saison nees an der Axa League spille géifen.
Fir Dikrech ass d'Saison awer nach net ofgeschloss, well si nach en Nodrosmatch géint Péiteng spille mussen. Den HBP huet säi leschten Heemmatch 30:19 géint Leideleng gewonnen a Miersch huet Schëffleng 42:33 geklappt.
Bei den Häre wäert de Raphael Guden de 5. Juni bei der Soirée des lauréats vun der Handball-Federatioun d'Coupe fir déi meescht Goler iwwerreecht kréien. De Bierchemer Réckraumspiller huet déi ganz Saison iwwer 197 Goler markéiert. Hannendru kommen den Itua Etute vun Diddeleng (172) an den Ognjen Jokiv vu Käerjeng (143). De Guden gëtt domat Nofollger vum Aldin Zekan, deen an der Saison 2024/25 164 Goler geworf hat.
No de villen Äddien am Dammenhandball, ënner anerem vun der Kim Wirtz an der Jenny Zuk, hänken och am Härenhandball e puer Leit hir Schong un de berüümten Nol. An de leschten Deeg hunn den Thierry Hensen an de Sascha Marzadori op de Sozialen Netzwierker ugekënnegt, dass et fir si déi lescht Matcher si wäerten. Béid Spiller verbënnt, dass si mat hirem Ausbildungsveräin HB Diddeleng 2007 de Youth Cup gewonnen hunn.
Den Thierry Hensen huet seng ganz Karriär beim HB Diddeleng verbruecht, fir d'éischt an der Jugend an duerno am Seniorsberäich. Hie gollt als dat gréisst Golkipptalent vu senger Generatioun a konnt mat sengem Veräin HBD och 4 Mol de Championstitel an eng Kéier de Coupegewënn feieren. Mat der Nationalekipp huet hien ënner anerem 2008 an der Qualifikatioun géint Frankräich, deemools Weltmeeschter, Europameeschter an Olympiagewënner zur selwechter Zäit, gespillt. Insgesamt huet hie 35 Mol den Trikot mam Roude Léiw gedroen. No enger Rei Joren Abstinenz vum Handball konnt een den Thierry Hensen zënter 2023 nees am Diddelenger Gol gesinn. Elo also den definitiven Abschid.
Och de Sascha Marzadori huet de Lëtzebuerger Handball an de leschte Joerzéngte matgepräägt. A senger Karriär bei de Senioren huet hie véier Mol de Championstitel gewonnen a stoung mam HB Esch 2013 an der Finall vum Challenge Cup, de gréisste Succès vun enger lëtzebuergescher Ekipp op internationalem Plang. Insgesamt huet de Kreesleefer 51 Matcher op internationalem Plang gespillt an hat 22 Asätz fir d'Nationalekipp. Nieft sengen 10 Joer beim HB Esch, senger erfollegräichster Zäit, huet den zu Diddeleng forméierte Marzadori zwee Joer fir d'Red Boys Déifferdeng an déi lescht 6 Saisone fir de Chev Dikrech gespillt.