
Beim éischten Optrëtt vum Racing an der UEFA Youth League gouf et fir d’Ekipp aus der Stad am éischte vun zwee Matcher näischt ze huelen. Duerch dräi Goler vum Andersson a weidere Goler vum Sanyang an Aviander wënnt den AIK Solna um Enn virun den eegene Spectateure mat 5:0 a geet sou mat engem klore Virdeel an de Retourmatch zu Lëtzebuerg.
Dëse gëtt de 5. Oktober um 19.00 Auer gespillt.