
Um Samschdeg war den Optakt vum 26. Spilldag an der BGL Ligue.
Tëschent Rouspert a Munneref gouf et en 1:1-Remis.
An den éischten 20 Minutten hat Rouspert méi vum Spill an huet sech déi eng oder aner Geleeënheet erausgespillt. Vun de Gäscht koum an der éischter Hallschent wéineg a si hu sech vill Feelpäss geleescht. D’Säite si mat engem 0:0 gewiesselt ginn. No der Paus war Rouspert weiderhin dominant, de Gol ass an der 77. Minutt awer op der anerer Säit gefall. Den Taarimte hat de Ball fir d’Gäscht am Filet ënnerbruecht. Déi Rousperter hunn awer net opginn a konnten 8 Minutte méi spéit duerch de Rodrigues ausgläichen. Munneref bleift d’nächst Saison definitiv an der BGL Ligue.
An der 2. Partie huet sech Déifferdeng mat 2:1 zu Wolz duerchgesat.
An der 1. Hallschent war et en animéierte Match tëschent béiden Ekippen an där d’Spectateure Golchancen op den zwou Säite gebuede kruten. E Gol sollt awer nach net falen. Dat ass de Gäscht an den zweete 45 Minutte gelongen. Den éischte Gol goung op de Kont vum de Castro. Dem Pomponi ass 11 Minutte méi spéit den 2:0 gelongen. Déifferdeng huet et an der Suite ze roueg ugoe gelooss. D’Heemekipp huet dat ausgenotzt a koum an der 74. Minutt duerch de Napoleone op 1:2 erun. Wolz huet alles no vir gehäit, mee et sollt net méi duergoen, fir den 2:2 ze markéieren.