
An der Premier League huet sech Arsenal misse mat 1:3 zu Manchester géint United geschloe ginn.
Am 2. Match an der Bundesliga huet sech Mainz mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro mat 1:0 zu Gladbach behaapt.
Augsburg - Hertha BSC 0:2
0:1 Lukebakio (57'), 0:2 Richter (90+3')
Déi 1. Victoire vun der Saison gouf et fir d’Hertha zu Augsburg. Virun der Paus war et eng intensiv Partie, an där béid Ekippen hir Chancen fir a Féierung ze goen, net genotzt hunn. An der 57. Minutt huet de Lukebakio den 1:0 fir d’Gäscht geschoss. Der Heemekipp konnt bis zum Enn net méi dogéint halen an huet duerch de Richter an der Nospillzäit och nach den 2. Gol kasséiert.
Borussia Mönchengladbach - Mainz 05 0:1
0:1 Martin (55')
Zu Gladbach gouf et eng animéiert Partie, wou an den éischte 45 Minutte just e Gol gefeelt huet. Mainz hat de bessere Start erwëscht an hat ënner anerem duerch de Leandro Barreiro gutt Chancen a Féierung ze goen. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller stoung 58 Minutte laang um Terrain. Virun der Paus hat awer Gladbach eng besser Phas, mee d’Ekipp vum Daniel Farke huet och net markéiert. Nodeems den Itakura déi rout Kaart gewise krut, waren d’Haushäre just nach zu 10. Den eenzege Gol huet de Martin mat engem schéine Fräistouss markéiert. Gladbach hat bis zum Schluss weider Geleeënheeten, den Ausgläich sollt awer net méi falen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Manchester United - Arsenal 3:1
1:0 Antony (35'), 1:1 Saka (60'), 2:1 Rashford (66'), 3:1 Rashford (75')
D’Heemekipp huet vun Ufank u konzentréiert verdeedegt an huet net vill Chancen fir Arsenal zougelooss. D’Gäscht haten an der 15. Minutt Pech, nodeems e Gol fir d’Gunners nom VAR zréckgeholl gouf. No engem Gol vum Antony louchen d’Red Devils mat 1:0 vir. No der Paus huet Arsenal reagéiert an huet verdéngt duerch de Saka ausgeglach. Arsenal huet weiderhin de Match dominéiert, déi weider Goler sinn awer op der anerer Säit gefall. No zwou Konterattacken huet de Rashford zwee Goler geschoss an de Virsprong op 3:1 ausgebaut. Un dem Resultat sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Spezia Calcio - Bologna 2:2
0:1 Arnautovic (7'), 1:1 Bastoni (45+2'), 2:1 Schouten (54', Selbstgol), 2:2 Arnautovic (64')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Montpellier - Lille 1:3
1:0 Wahi (20'), 1:1 David (41'), 1:2 Gomes (57'), 1:3 David (90+4')
Zu Montpellier ass d’Heemekipp besser an de Match komm an duerch de Wahi no ronn 20 Minutten a Féierung gaangen. Lille huet awer nach virun der Paus ausgeglach. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent krut de Germain déi rout Kaart gewisen. Mat 10 Mann konnt Montpellier an der 2. Hallschent net gutt dogéint halen. De Gomes an den David mat sengem 2. Gol hunn de Match fir Lille entscheet. Lille huet duerch des Victoire Montpellier an der Tabell iwwerholl.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Athletic Bilbao - Espanyol Barcelona 0:1
0:1 Braithwaite (83')
Am Baskeland war de Martin Braithwaite de Matchwinner. Den Dän, dee réischt viru Kuerzem vu Barcelona bei de Rival Espanyol gewiesselt war, huet den entscheedende Gol an der 83. Minutt markéiert. Fir d’Gäscht war et den 1. Succès, Bilbao huet dogéint fir d’éischt an dëser Saison verluer.