
De Mathias Olesen stoung e Sonndeg an der Bundesliga fir Köln déi éischt Kéier wärend engem Match um Terrain. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet laang missen nokucken, ma an der 84. Minutt ass hien du bei de Kölner agewiesselt ginn. Den FC huet sech duerch een 1:1 géint Borussia Dortmund ee Punkt geséchert.
Um Sonndeg ass de Gerson Rodrigues definitiv vu senger franséischer Ekipp Troyes entlooss ginn.
An Éisträich gouf et am Wiener Derby en 1:1-Remis tëschent Rapid an Austria Wien. Bei der Austria stoung de Marvin Martins de ganze Match um Terrain. De Lëtzebuerger krut an der 35. Minutt déi giel Kaart gewisen.
An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense 0:0 géint Varzim gläichgespillt. Den Eric Veiga souz bei der Lokalekipp de ganze Match op der Bänk. Vilafranquense steet an der Tabell op der 13. Plaz an huet 5 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.
Um Samschdeg gouf et an der moldawescher Liga am fréie Nomëtteg eng Victoire fir Sheriff Tiraspol. D’Ekipp mam Lëtzebuerger Sébastien Thill, deen de ganze Match um Terrain stoung, konnt sech mat 3:0 bei Sfintul Gheorghe duerchsetzen a bleift domat weider mat engem komfortabele Virsprong vu 7 Punkten un der Tabellespëtzt.
An der 2. däitscher Bundesliga huet den SV Sandhausen mam Maurice Deville doheem géint Hansa Rostock de Kierzere gezunn. De lëtzebuergesche Stiermer ass an der 87. Minutt agewiesselt ginn, ma hie konnt d’Néierlag awer net méi verhënneren.
An Holland huet Sparta Rotterdam auswäerts 0:0 géint Nijmegen gespillt. De Mica Pinto gouf an der 86. Minutt agewiesselt. De Laurent Jans souz de ganze Match op der Bänk. Rotterdam steet weiderhin op enger Ofstigsplaz.
A Griicheland huet Kreta am éischte Match vum Relegatiounsgrupp iwwerraschend mat 2:3 géint Ionikos verluer. De Vahid Selimovic op Säite vun den Haushäre stoung an der Starteelef éischten 11, krut an der 40. Minutt d’giel Kaart gewisen an ass no der éischter Hallschent ausgewiesselt ginn.
Fir den Eldin Dzogovic gouf et an der 3. däitscher Liga mat Magdeburg am eegene Stadion en 0:0-Remis géint Meppen. De jonke Lëtzebuerger stoung allerdéngs net am Kader.
An der Bundesliga hat Mainz an engem kuriéise Match keng Problemer mat Bielefeld a konnt sech um Enn mat 4:0 behaapten. De Leandro Barreiro ass an der 55. Minutt agewiesselt ginn an huet 2 Eelefmeter fir seng Ekipp erausgeholl.
Eng Defaite gouf et an der 2. englescher Liga fir Huddersfield Town. 0:3 huet dÊkipp vum Danel Sinani sech doheem géint Bournemouth misse geschloe ginn. De Sinani stoung vun Ufank un um Terrain, an der 52. Minutt gouf de Lëtzebuerger awer ausgewiesselt.
An der amerikanescher MLS huet New York City FC mat 0:2 géint Philadelphia Union de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger Maxime Chanot souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
E Freideg den Owend stounge sech Royale Union SG a KV Oostende an der Jupiler League géintiwwer. Et sollt net iwwert en 1:1 erausgoen. De Lëtzebuerger Anthony Moris, dee fir Royale Union SG am Asaz war, stoung déi 90 Minutten um Terrain.
An der 2. Bundesliga an Däitschland huet Aue mat 0:3 géint de Karlsruher SC de Kierzere gezunn. Den Dirk Carlson souz bei Aue déi 90 Minutten op der Bänk. Fir d’Ekipp vum Lëtzebuerger gesäit et dës Saison net gutt aus. Et steet ee weider op enger Ofstigsplaz, dat mat 8 Punkte Réckstand op Dresden (Relegatiounsplaz).
Eng Néierlag gouf et dann och fir d’Lëtzebuerger Diogo Pimentel, Farid Ikene, Yan Bouché an de Leonel Gomes mat Jammerbugt an der 1. Divisioun an Dänemark. Auswäerts huet ee sech mat 0:3 géint Helsingor misse geschloe ginn. De Bouché gouf an der 78. Minutt fir de Gomes ausgewiesselt. Den Ikene ass an der 89. Minutt vum Terrain gaangen. De Pimentel huet de Match duerchgespillt.
Jammerbugt spillt elo géint den Ofstig.
Op Zypern huet Achnas mam Tim Hall 0:0 géint Doxa gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Achnas steet weiderhin op enger Ofstigsplaz.