Internationale Futtball1. FC Köln trennt sech vum Trainer Timo Schultz

RTL Lëtzebuerg
E puer Deeg nom Ofstig an déi 2. Bundesliga huet sech den 1. FC Köln dofir entscheet, der Zesummenaarbecht mam Trainer Timo Schultz en Enn ze setzen.
© AFP

De Schultz hat den Trainerposten zu Köln eréischt Ufank vum Joer iwwerholl. Zesumme mam Trainer huet den 1. FC Köln d’Réckronn analyséiert an et huet een decidéiert, de Kontrakt net ze verlängeren. Mat engem neien Trainerteam wëll een an d’Saison 2024/2025 goen. Do spillt Köln dann an der 2. Bundesliga. Bis d’Preparatioun fir déi nei Saison ugeet, wëll een en neien Trainer presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO