DFB-Pokal - Et huet sech ausgedreemt1. FC Saarbrécken ouni Chance géint Bayer Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf am DFB-Pokal déi éischten Halleffinall gespillt. Hei krut den 1. FC Saarbrécken Besuch vu Bayer Leverkusen.
© AFP

D’Ekipp vu Saarbrécken huet als éischte Véiertligist an der Geschicht an d’Halleffinall vum DFB-Pokal gepackt. Well d’Saison an der Regionalliga Südwest ofgesot ginn ass, steet d’Ekipp aus dem Saarland schonns als Opsteiger an d'3. Liga fest a wäert deemno no 6 Joer nees zeréck an de Profifuttball kommen. En Dënschdeg den Owend krute si Besuch vu Bayer Leverkusen, déi den Ament net all ze schlecht a Form sinn an a Saache Spillpraxis e Virdeel géigeniwwer vu Saarbrécken haten.

Hire gréisste Virdeel en Dënschdeg den Owend war dann awer schlussendlech einfach hir spilleresch Klass, déi si virun allem an der éischter Hallschent ausgespillt hunn, esou dass si de Match um Enn mat 3:0 gewannen a sech eng 4. Kéier an der Veräinsgeschicht fir d’Finall vum DFB-Pokal qualifizéieren.

1. FC Saarbrécken - Bayer Leverkusen 0:3

Den 1. FC Saarbrécken, deen um Wee an d’Halleffinall Regensburg, Köln, Karlsruhe an Düsseldorf eliminéiert huet, ass wéi erwaart defensiv an dës Partie eragaangen. Si hunn de Gäscht gréisstendeels de Ball iwwerlooss an hu sech drop konzentréiert, kee Gol geschoss ze kréien. Déi éischt zéng Minutten hu si dat och gutt gemaach, ma an der 11. Minutt huet dunn awer schonns gerabbelt. Den Demirbay huet eng herrlech Pass iwwer d’Defense an de Laf vum Diaby gespillt, deen da Ball Volley erageschoss huet.

An der 19. Minutt dunn deen nächste Réckschlag fir d’Lokalekipp. No engem Mëssverständnes tëscht dem Golkipp an engem Defenseur stoung den Alario genau richteg, fir de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol ze schéissen.

Leverkusen huet de Match vu vir bis hanne komplett dominéiert an huet de Ball staark an den eegene Reie gehalen a mat séieren Aktiounen no vir probéiert, weider Goler ze markéieren.

Saarbrécken war gréisstendeels iwwerfuerdert an hat am spill no vir iwwerhaapt näischt opweises, esou dass et mat der 2:0-féierung fir Leverkusen an d’Paus gaangen ass.

Nom Säitewiessel war Saarbrécken ee gutt Stéck méi couragéiert an esou koume si och zu éischte Golchancen. Leverkusen huet am Spill no vir zwar och e bëssen Tempo erausgeholl, ma nawell war Saarbrécken elo e gutt Stéck besser wéi nach an der éischter Hallschent.

An der 58. Minutt huet de Karim Bellarabi dunn awer den Deckel dropgemaach, do konnt hien nämlech den 3:0 fir de Bundesligist markéieren an op en Neits war den Demirbay um Gol bedeelegt.

Bis zum Schluss ass et bei dësem Stand bliwwen, esou dass Leverkusen souverän an der Finall steet. Fir Saarbrécken ass den Dram vun der Finall zwar gelaf, mä nawell kann een op eng excellent Campagne zeréckkucken.

Back to Top
CIM LOGO