
De Franky Hippert huet beim Rietsverdeedeger nogefrot, wéi seng éischt Andréck beim Veräin aus der Ligue 2 sinn.
No de Frëndschaftslännermatcher am November géint Ungarn an Bulgarien, an deenen de Florian Bohnert staark Optrëtter am Dress vun de Roude Léiwen hat, war den Intressi bei deem engen oder anere Proficlub méi grouss ginn. Ënnert dem Stréch huet de 25 Joer ale Spiller, deen ënnert anerem op Schalke an zu Mainz ausgebilt gouf a lo an der Lescht beim Progrès Nidderkuer gespillt huet, sech fir d’Ekipp aus der Corse decidéiert. De Florian Bohnert huet vun Ufank u gespuert, wou hien ënnerschriwwen huet - nämlech bei engem Traditiounsveräin aus dem franséische Futtball mat Supporter, déi ëmmer alles ginn.
Et ass schonn en Ënnerscheed ob ee BGL-Ligue-Spiller ass oder eben um Profi-Niveau ënnerwee ass. Et huet een zweemol an der Woch zweemol Training an d’Mise en place ass och eng aner.
De Weekend huet de Florian Bohnert an der 1/32-Final vun der Coupe de France säin éischte komplette Match fir säin neie Veräi gespillt. Bastia huet sech nom Eelefmeterschéisse géint Evreux aus der Nationale 2, der véiert-héchster Divisioun a Frankräich, duerchgesat. En Dënschdeg geet et dann awer schonn am Championnat an der Ligue 2, der zweethéchster Liga, géint Quévilly weider.