Zu deene Blesséierte gehéiert de Stefano Bensi, dee sech am Ufank vun der Saison e Kräizbandrëss zougezunn huet a warscheinlech eréischt am Mäerz nees fit ass an och de Gilson Delgado ass fir Reprise nach net prett. Déi aner Spiller hu sech an den Testmatcher virum Optakt blesséiert, sot den Trainer Sébastien Grandjean.
Et ass net esou schlëmm bis op 2 Muskelrëss. Bei deenen anere Spiller sinn et Klengegkeeten, mee si wäerten trotzdeem net spille kënnen. Dat ass dann esou. Fir de Rescht vun der Preparatioun konnte mir zanter laangem d’Seancen nees um normalen Terrain trainéieren, dat ass gutt. Just eemol hu mir missen op de syntheteschen Terrain goen. Et ass eng Preparatioun, déi op en Enn geet mat ville Fragezeichen, mee dat ass bei enger Reprise meeschtens esou.
Eng Wourecht ass awer, dass d’Escher Fola den Ament op der 4. Plaz steet an aktuell nëmmen 2 Defaiten um Konto stoen huet. Just géint Munneref an Diddeleng goufen et keng Punkten. De Veräin, deen am Ufank vun der Saison an der Quali fir d’Champions an der Conference League ënnerwee war, ass zefridde mat der aktueller Leeschtung.
Den Objektiv ass um Enn vun der Saison eng europäesch Plaz. Ob mir dat iwwert d’Coupe oder d’Championnat erreechen, musse mir kucken, mee mir si gutt ënnerwee, obwuel d’Preparatioun fir d’Hironn elo net optimal war, dat dierf een net vergiessen.
Um Transfertmarché huet d’Escher Fola zougeschloen an de Stiermer Thibaut Jaquel rekrutéiert, dee beim FC Dallas an North Texas SC ënner Kontrakt stoung.
Esou e Spiller hu mir gebraucht. De Michael Omosanya brauch nach Experienz, de Gauthier Caron huet déi zwar, mee en ass net esou effikass virum Gol. Dowéinst brauche mir esou e Spiller.
A wéi gutt den neie Spiller mat der Ekipp harmonéiert, gesäit de Sébastien Grandjean e Sonndeg. Da spillt d’Escher Fola auswäerts géint Ettelbréck.