
Nom Stiermer Karim Onisiwo, deen e Freideg scho positiv getest gouf, sinn um Méindeg an Dënschdeg zwee weider Mainzer Profien positiv getest ginn. E Mëttwoch gouf de Coronavirus och bei enger Persoun aus dem Trainerteam nogewisen, dat huet de Veräin matgedeelt. Den Ament befanne sech 14 Persounen aus der Ekipp an aus dem Trainerstab a Quarantän. Dee fir e Mëttwoch geplangten Training gouf ofgesot.
Wat dat fir Mainz a Relatioun mam Optakt an der Bundesliga um Weekend bedeit, war fir d’éischt nach onkloer. Nom aktuelle Reglement vun der DFL kann e Veräin awer eréischt d’Ofsetzung vun enger Partie ufroen, wa manner wéi 16 Spiller (spillberechtegt Amateure mat aberechent) zur Verfügung stinn.