312 Säiten140 Joer Sport-Geschichten zu Lëtzebuerg am Buch vum Geoerges Klepper

Tom Flammang
Déi lescht Woch gouf zu Miersch am Kulturhaus d'Buch 140 Joer Sport-Geschichten zu Lëtzebuerg vum Georges Klepper presentéiert.
140 Joer Sport-Geschichten zu Lëtzebuerg am Buch vum Geoerges Klepper
Déi lescht Woch gouf zu Miersch am Kulturhaus d’Buch 140 Joer Sport-Geschichten zu Lëtzebuerg vum Georges Klepper presentéiert.

A Presenz vun haitegen a fréiere Gréissten aus dem Lëtzebuerger Sport a Politik gouf e Wierk virgestallt, dat et an där Form zu Lëtzebuerg nach net gëtt.

D’Iddi vum Georges Klepper war et, e liewegt a interessant Buch ze schreiwen. Et wollt een evitéieren, plakeg Resultater opzelëschten. Dat ass an deenen 312 Säiten, déi an 108 Kapitel opgedeelt sinn, och gegléckt.

Fir dëst ze realiséieren, war d’Hëllef vun de Sportlerinne a Sportler gefrot. De Georges Klepper, deen zanter 2015 un ALS erkrankt ass, huet seng Froen un d’Athleten weiderginn an déi sinn da bis op e puer wéineg Ausnamen entweder bei hie komm fir Anekdoten ze erzielen oder hu per Mail geäntwert. De Auteur, dee sech mat dësem Buch en Dram erfëllt huet, huet fréier selwer Basket gespillt, éier hien d’Liichtathletik entdeckt huet. Och dono ass de Georges Klepper dem Sport als Fonctionnaire trei bliwwen.

Texter huet de Georges Klepper mat Hëllef vun engem spezielle Computer geschriwwen, deen iwwer Aebeweegung gesteiert gëtt. Seng Ekipp bestoung aus renomméierten fréieren Sportjournalisten an Historiker, sou datt enger preziser an detailléierter Aarbecht näischt am Wee stoung

Nieft 382 Fotoen an Illustratioune liwwert d’Buch eng ganz Rei spannend a witzeg Anekdoten a frëscht d’Erënnerung u fréier grouss Leeschtungen nees op. An de Courage vum Georges Klepper dierft fir eis all eng Inspiratioun sinn.

Back to Top
CIM LOGO